Radio and Climate Change

© Eric Nopanen on Unsplash
Zënter 2012 gëtt et de Weltdag vum Radio. Dëst Joer steet deen ënnert dem Motto "Radio and Climate Change".
De Radio ass e Medium, dee sech iwwer Joerzéngten als eng vun den zouverlässegsten a flexibelsten Informatiounsquelle bewisen huet. Trotz der Entwécklung vun neien digitale Plattformen, bleift d'Radiosfrequenz e wichtegen Deel vum Alldag vu Millioune Mënschen op der ganzer Welt.
D'Initiativ fir de World Radio Day koum vun der spuenescher "Academia Española de la Radio" an huet bei der UNESCO direkt Uklang fonnt. Schonn 2011 gouf de Weltradiodag offiziell duerch déi 36. Generalkonferenz vun der UNESCO agefouert an déi éischt Feiere waren 2012. Den Datum steet an direkter Verbindung mat der Grënnung vum United Nations Radio, deen den 13. Februar 1946 op Sendung gaangen ass.
Dës Entscheedung ass also net zoufälleg, mee wéi eng Roll spillt de Radio haut nach an eiser Gesellschaft?
De Radio ass och haut nach ee wichtegt Medium, besonnesch a Situatiounen, an deene séier an zouverlässeg Informatiounen néideg sinn. An a Regiounen, wou den Internet net ëmmer zougänglech ass, ass de Radio nach ëmmer eng Liewenslinn. Vill Mënsche vertrauen op d'Radionoriichten, well se dacks méi direkt a präzis sinn wéi aner Medien. Dobäi kënnt, datt de Radio och eng vun den eenzegaartege Medieformen ass, déi och mat einfache Mëttel an nohalteger Technologie funktionéiere kann. En ass iwwerall zougänglech, einfach ze benotzen an net op Internet oder Stroum ugewisen.

© Rod Flores on Unsplash
D'UNESCO wëllt mat dësem Dag d'gesellschaftlech a kulturell Bedeitung vum Radio ënnersträichen, an domat och d'international Zesummenaarbecht tëscht de Radiostatiounen fërderen.
D'Zuelen zu Lëtzebuerg schwätze fir sech: All Dag lauschtere méi wéi 350.000 Leit hei am Land Radio. An an der Moyenne verbréngen d'Nolauschterer dräi an eng hallef Stonn den Dag domat. Néng vun zéng Leit kréien an der Woch informativen, edukativen oder ënnerhalenden Inhalt iwwer dëst Medium vermëttelt. Awer wéi huet sech d’Lauschteren iwwer d’Jore verännert?
Et gesäit een eng kloer Tendenz, datt digital Plattformen ëmmer méi wichteg ginn. Vill Leit lauschteren haut iwwer Streaming, Podcasts oder iwwer hir Smartphones. Mä och klassesch FM an DAB+ hunn nach ëmmer eng grouss Relevanz. Dat läit virun allem dorun, datt Radio eng direkt a live Erfarung bitt, déi net ëmmer duerch algorithmusgesteiert Playlëschten ersat ka ginn. D'Emissiounen hunn eng perséinlech Nott, an d'Nolauschterer fille sech mam Sender verbonnen, wat eppes ass, wat digital Medien net ëmmer kënnen ersetzen. Musek bleift den Top-Inhalt, fir iwwer 90 Prozent vun de Leit, déi reegelméisseg Radio lauschteren. Dono kommen Trafic, Wiederinfoen an regional Noriichten. Och an Noutfäll - wann d’Kommunikatiounssystemer ausfalen - bleift de Radio déi zouverlässegst Informatiounsquell.

© Rod Flores on Unsplash
De Radio ass also definitiv nach laang net ausgestuerwen?
En huet sech ëmmer neien Technologien ugepasst, an dat wäert och an Zukunft esou bleiwen. D'Entwécklung vu Podcasts a digitalem Radio huet bewisen, datt d'Nolauschterer nach ëmmer un dësem Medium interesséiert sinn. Besonnesch d'Interaktivitéit a lokal Verbonnenheet spille bei ville Radiostatiounen eng wichteg Roll. Et gëtt nach ëmmer e Besoin no enger direkter, mënschlecher Stëmm, déi informéiert, begleet a berouegt.
D'Thema vum World Radio Day 2025 ass "Radio and Climate Change" an d’Roll vum Radio an dësem Kontext gëtt ëmmer méi wichteg. Ob iwwer traditionell Welle oder digital Plattformen - de Radio ass a bleift en Haaptbestanddeel vun eiser Medielandschaft.
A wat verbannt Dir mam Radio?