All Woch erzielt de Lex Roth eng Schnok, dës Woch mam Titel "Altersvergësserlechkeet".

Wat ass deen Alter ower schlëmm!
huet een sech beim aner beklot.
 
Wat granz du dann lo schonn erëm,
sou hunn se nach ëmmer gesot.
 
Mä stell dir vir, nodeem ech muss,
vergiessen ech d‘Box zouzeman;
da mengen d’Leit ‚‘dee Luftikus‘!;
ech weess net, wat ech da soll man.
 
Bei mir ass d’Saach just ëmgedréint,
‘t kuckt ni e Mënsch mir drop;
wann ech mol engker séier muss,
ma’n ech d’meescht d‘Box net op.