Den alleréischten Nike-Buttek mécht am November zu Lëtzebuerg op

© AFP Archivbild
Mat dëser Nouvelle wäerte vill Leit sech freeën. Den éischten Nike-Buttek kënnt op Lëtzebuerg an dann direkt op zwee Stäck.
De 5. November dëst Joer soll den "Nike Store Cloche d’Or" Ouverture feieren. Op enger Verkafsfläch vun 1.360 Meterkaree verdeelt op zwee Stäck wäert dëse Buttek ee vun de gréisste ginn am Shoppingzenter.
Ugebuede kritt een natierlech déi aktuell Nike- an Jordan-Kollektiounen an Omnichannel-Servicer wéi Buy Online, Pick Up In Store (Bopis), Digital Order Returns In Store (DORIS) a Click & Collect. Donieft wäert Nike op der Cloche d'Or eng Schong-Berodung - d'sougenannte "Footwear Fastlane" - ginn, wéi och e Rayon speziell fir Fraen an e Beräich fir perséinleche Berodungen "Sport Hub".
Entstanen ass den exklusive Projet - eng Zesummenaarbecht tëscht Nhood an INOWAI - am Kader vum Konzept Nike Rise, bei deem virun allem d'Metropole viséiert sinn. An Nike-Store ginn et der effektiv schonn eng jett an de bekanntste Groussstied, lo geschwënn also och am Grand-Duché.

© AFP Archivbild