De Summer ass zwar nach e bëssen hin, mee Volle sinn elo nach méi bëlleg an a villen Hoteller kritt een aktuell och nach Remisen, well ee fréi un ass.

Klassesch Reesen a Frankräich, Italien a Spuenien wieren nach ëmmer am meeschte gefrot – awer och Japan, wéinst der Weltausstellung, wier immens ugesot. Bei der Lëtzebuergescher Tourismus-Unioun (ULT) schwätzt een dovunner, datt de Marché nach ni sou villfälteg war.

D’ULT-Cheffin Lydia Heinisch geet am RTL-Interview och drop an, datt Reesen an den Norde vun Europa och immens beléift sinn. Ëmmer méi Leit géingen dohinner goen, sief et fir ze wanderen oder fir einfach ze entspanen a manner Touriste sur Place ze hunn. Awer och den Trend vun de Floss- a Mierescroisièren hält bei de Lëtzebuerger un. Zemools fir Famillen ass et eng gutt Alternativ, well dacks alles inclus ass a sur Place da manner zousätzlech Käschten op een duerkommen.
 
Dem STATEC no hunn d’Lëtzebuerger 2023 2,8 Millioune Fräizäitreesen ënnerholl. Dat si 5,5 Deplacementer op de Kapp, an an der Moyenne kënnt een am Joer op eng 36 Nuechten. Punkto Budget géingen 169 Euro pro Nuecht op de Kapp ausgi ginn.