90 Deeg, 22 Stonnen a 37 Minutte war d’Violette Dorange mam Seegelschëff ënnerwee an ass mat 23 Joer déi jéngste Finisherin vun der Vendée Globe.

Dëst ass déi häertsten Non-Stop Regatta vun der Welt. Et geet ee Mol ronderëm de Globus an ënnerwee waarden eng ganz Partie Inconnuen op een.
 
Virun eppes iwwer enger Woch ass d’Franséisin, wéi e Popstar zu Les Sables-d’Olonne empfaange ginn. Ugefaangen huet alles den 10. November d’lescht Joer. Wärend deene leschte Méint konnt een hir Aventure och op Social Media suivéieren, mëttlerweil huet si 620 000 Follower eleng op Instagram.
 
28.057 Séimeilen, wat engen 52.000 Kilometer entsprécht huet D’Skipperin zeréckgeluecht. Um Enn koum d’Violette als 25. vun am ganze 40 Participanten un. Direkt no der Arrivée koum dunn eng weider Annonce, zesumme mam Samantha Davies geet et de 26 Oktober un den Depart vun der Transat Café-L’Or. Vu Le Havre navigéiere béid Frae bis op Martinique. D’Davies ass scho 6 Mol ronderëm d’Welt geseegelt an d’Violette Dorange ass e grousse Fan vun der Brittin. Et ass also e groussen Dram, dee fir si an Erfëllung geet.
 
D’Violette Dorange geet jiddwerfalls elo schon an d’Geschicht an. Déi jéngste Participante huet mat hirer Arrivée en Hype ronderëm d’Vendée Globe ausgeléist.