Mënsche mat ADHS hunn eng méi gerèng Liewenserwaardung

© Fotolia
Ronn dräi Prozent vun der Populatioun si vun ADHS betraff. Déi meescht Concernéiert hu keng Diagnose a ginn net behandelt.
Dobäi ass d'Verhalensstéierung net ze ënnerschätzen. D'Symptomer vum ADHS an aner Erkrankungen, déi doduerch optriede kënnen, féieren nämlech dozou, dass Betraffener am Duerchschnëtt méi fréi stierwen, wéi Mënschen ouni ADHS. Dat hu brittesch Fuerscher elo rausfonnt.
Fir d'Etüd, déi am Britisch Journal of Psychiatry publizéiert gouf, goufen déi medezinesch Donnéeë vun 30.000 Persoune mat ADHS mat den Donnéeë vun 300.000 Mënschen ouni ADHS verglach. Hei konnten d'Fuerscher feststellen, dass Männer mat ADHS am Duerchschnëtt 7 Joer méi fréi stierwe wéi Männer ouni Diagnose. Bei de Frae mat ADHS ass d'Liewenserwaardung souguer 9 Joer méi geréng.
D'Fuerscher bezeechnen dës Erkenntnis als immens beonrouegend. Schold un dëser verkierzter Liewenserwaardung ass awer net d'Verhalensstéierung u sech, mee d'Verhale vun de Betraffenen, wat den ADHS mat sech bréngt. Sou sinn déi Concernéiert permanent op der sich no Aktivitéiten, déi hinnen e sougenannten Dopamin-Kick verschafen. Si praktizéieren also e Verhalen, wat an hirem Gehier vill Gléckshormoner ausschëtt. Doduerch sinn déi Betraffen och méi ufälleg fir Suchtmëttel. Déi verkierzte Liewenserwaardung ass also ënnert anerem op de Konsum vun Drogen, Zigaretten an Alkohol zeréckzeféieren. Mee och e méi riskant Verhalen an zwanghaft Handlunge féieren zu engem méi fréien Doud.
ADHS kënnt dacks net eleng
D'Wëssenschaftler vun der Etüd hunn dorop opmierksam gemaach, dass d'Differenz vun der Liewenserwaardung reell e bësse méi geréng kéint sinn. Bei der Etüd goufen nämlech Persoune mat enger ADHS-Diagnos betruecht. Ma dës Leit hunn dacks eng Diagnos, well si nach mat anere psycheschen Erkrankunge gekämpft hunn an den ADHS du réischt opgefall ass. Et muss een also bedenken, dass déi méi geréng Liewenserwaardung net nëmme vum ADHS, mee och vu Begleeterkrankunge komme kann.
Ronn 50 Prozent vun den Erwuessene mat ADHS hunn am Laf vun hirem Liewen nämlech mat Depressiounen oder Angschtstéierungen ze kämpfen. Mee och Zwangsstéierungen a psychosomatesch Erkrankunge kënnen optrieden. Ass net bekannt, dass de Betraffenen ADHS huet, ginn dacks nëmmen d'Begleeterkrankunge behandelt an den ADHS bleift weider onentdeckt. Hei kann et dann ëmmer rëm zu Réckfäll kommen. 90 Prozent vun de Persounen, déi duerch Suicide stierwen, ware psychesch krank. Och wann een net un ADHS stierft, si Begleeterkrankungen an d'Risikobereetschaft net ze ënnerschätzen.
D'Etüd huet sech op Betraffener aus Groussbritannien bezunn. D'Fuerscher hunn an hirem Schreiwes däitlech kloer gemaach, dass et net genuch Ulafstellen an Hëllef fir Erwuessener mat ADHS gëtt an dass déi meescht Betraffener guer net diagnostizéiert sinn.