Fuerscher entdecken d'Graf vum Kinnek Thutmosis II.

© Egyptian Ministry of Antiquities/AFP/-
Ägyptesch a brittesch Fuerscher hu mam bal 3.500 Joer ale Graf vum Kinnek Thutmosis II. dat éischte Graf vun engem Pharao zanter 100 Joer fonnt.
Wéi den ägyptesche Ministère fir Antiquitéite matgedeelt huet, gouf d'Kummer an der Géigend vum sougenannten "Tal der Könige" am südägyptesche Luxor fonnt. Fir d'lescht hate Fuerscher 1922 ee kinneklecht Graf entdeckt - d'Decouverte vun der komplett erhalener Grafkummer vum legendäre Pharao Tutenchamun hat deemools ee weltwäiten Trend hin zu allem, wat mam alen Ägypten ze dinn hat, ausgeléist.
D'Entrée zum Graf vum Kinnek Thutmosis II, dat an de Bierger vu Luxor läit, war schonn 2022 entdeckt ginn. Deemools si Fuerscher awer nach dovunner ausgaangen, et wier fir eng Kinnigin gebaut ginn.
Dunn hunn d'Fuerscher op der Plaz allerdéngs "Fragmenter vu Kréi aus Alabaster" fonnt, op deenen den Numm Thutmosis II. stoung. Hien ass do als "verstuerwene Kinnek" bezeechent ginn, deelt de Ministère weider mat. Op Inschrëfte wier ausserdeem den Numm vun der Fra an Hallefschwëster vum Kinnek Thutmosis II., der berüümter Pharaonin Hatschepsut, ze liese gewiescht.
De Kinnek Thutmosis II., ee Virfar vum Tutenchamun, war ee Pharao vun der 18. Dynastie. Hien huet viru bal 3.500 Joer gelieft.
Fragmenter vum Buch vun den Doudege fonnt
Well weder d'Mumie vum Pharao nach Gold-Bijouen a sengem Graf fonnt gi sinn, ginn d'Fuerscher dovun aus, datt d'Graf an der Antik geplündert gouf. Ausserdeem wier d'Grafkummer kuerz nom Begriefnes vum Kinnek iwwerschwemmt ginn, esou datt de Raum bannen deels beschiedegt gouf.
Doduerch wieren awer Gipsfragmenter hannerlooss ginn, déi dem Ministère no Deeler vum Buch vum Amduat enthalen, engem Buch iwwer d'Ënnerwelt vun den Doudegen. Ausserdeem hätten d'Fuerscher am Graf vum Thutmosis déi éischte Kéier Miwwel vun engem Pharao fonnt. D'Ausgruewunge sinn nach net ofgeschloss.
An Ägypten huet et an de leschte Joren eng sëllegen archeologesch Entdeckunge ginn. D'Land geet duerch eng grouss Wirtschaftskris an hofft, doduerch méi Touristen an d'Land ze kréien.