D'Leit am Duerf Addition Hills op de Philippinnen stinn an der Schlaang, fir hir gefaange Moustiquen ofzeginn. Et gëtt ee Peso fir fënnef Moustiquen.

Een Awunner ass dës Woch mat ëmgerechent 15 Cents fir 45 Insekten heemgaangen.

De Chef vum Duerf war op d'Iddi komm an huet de Programm op Facebook lancéiert, fir eppes géint d'Hausse vun de Fäll vun Dengue ze maachen.

Am ganze Land ass déi déidlech viral Infektioun verbreet. Am Januar war et mat méi wéi 28.000 Fäll eng Hausse vu 40 Prozent am Verglach mat der nämmlechter Period 2024.

De Problem mat der ganzer Aktioun ass, datt elo gefaart gëtt, datt d'Leit express Moustiquen ziichten, fir Suen ze maachen, wat extreem kontraproduktiv Konsequenze kéint hunn.

RTL