Rheinland-Pfalz
Mann fiert bekifft op de Policebüro, fir säi Fürerschäi sichen ze goen

© AFP
De Beamten um Policebüro zu Landau ass opgefall, datt hie sech komesch beholl huet, esou wéi et typesch bei Drogen ass.
Dofir hu si en Test gemaach, deen hire Verdacht confirméiert huet. De Mann hat Cannabis consomméiert.
Blöd ass just, dass dat genau de Grond war, firwat de Mann säi Permis iwwerhaapt ewechgeholl krut. Deemno huet de Widderhuelungstäter dësen och net erëmkritt.
Am meeschte gelies