All Woch erzielt de Lex Roth eng Schnok, dës Woch mam Titel "Dat ass e FAN!".

Haut ass d’grouss Futtballscoupe- Finale.
Do ass kee richtge Fan ze halen;
si biede bal zum hellge Ball,
wann hire Leit hir Goaler falen.
 
D’Plazpräisser gi ferm an de Beidel,
mä ower ass de Stadion voll.
Just nieft dem Mett war ee Sëtz eidel
Den Noper freet hie wat dat soll.
 
„Do sutz normalerweis meng Fra,
“mä leider ass d’gutt Kand lo dout.
 
„Dat war jo fein, dat kann ee luewen!
„Huet da kee Loscht vun der Famill?
 
„Haut huet keen Zäit, et sinn der vill,
„…mä déi sinn all meng Fra begruewen.