Sech verkleeden an an eng aner Roll ze klammen – dat ass bei ville Kanner schonn a ganz jonkem Alter beléift.

Am Atelier Spatz an der Stad do bitzt d’Johanna elo schonn zanter 12 Joer Verkleedungskostümer fir Kanner. D’Iddi koum hir, well hiert Meedchen sech wollt als Villche verkleeden, néierens an de Geschäfter hätt een awer eppes fonnt, wat der Famill esou richteg géing gefalen.

Mëttlerweil lieft si heivunner, dat wier net ëmmer einfach, mee et géing een awer en Handwierk esou um Liewen halen. Wärend der Pandemie wier et immens schwéier gewiescht, well kee gefeiert hätt, dëst Joer géing d’Fuessaison awer bis ewell zimmlech gutt lafen. D’Eltere wéilten de Kanner hir Kandheet zelebréieren a sinn dofir bereet, och emol méi déif an d’Täsch ze gräifen.
 
D’Joahnna huet eng ganz Partie Kostümer, déi si reegelméisseg bitzt, léisst sech awer och ëmmer gären nei Saachen afalen. Präislech gesinn ass en handgemaache Fueskostüm fir Kanner net geschenkt. E Piratekostüm, deen a Serie produzéiert gëtt, kritt ee fir 165 Euro, e ganzen Zirkusdirekter-Kostüm kascht der 395. Sou geet et vu bis a léisst ee sech eppes Eegenes kreéieren, ass et natierlech méi deier.

Eng gréisser Commande leeft aktuell. Fir eng Famill mat 8 Kanner aus Amerika ass d’Johanna grad amgaangen, eppes ze bitzen. Si hunn all Joer e grousst Fest a froen dann am Atelier Spatz un, fir déi komplett Kostümer gebitzt ze kréien. Dat kascht natierlech puer dausend Euro an dofir hätt een do dann och e permanenten Echange.
 
Um Mini-Clochardsbal zu Déifferdeng hu mir eis dann och ëmfrot, wat d’Elteren dann hire Kanner dëst Joer fir d’Fuesent vu Kostümer kaaft hunn. Kanner tendéieren dozou, sech fir déi Kostümer ze begeeschteren, déi eppes mat hiren aktuellen Interessen ze dinn hunn, sief dat Liblingsfilmfiguren, Déieren, Beruffer. Virun allem d’Prinzessinnen an d’Superhelde ware gefrot. Mat virbäi de Spiderman.

D’Johanna huet sech awer scho relativ fréi dofir entscheet, net wëllen déi bekannte Kreaturen einfach nozebitzen, zum enge well et keng Lizenz huet an awer och well et den Eltere wëll eng Alternativ bidden. Hei am Atelier Spatz entsti Kostümer, déi een net esou dacks gesäit. Schottland, Groussbritannien, Dubai, Australien..duerch d’ganz Welt verschéckt Johanna hir Verkleedungen, opfalend wéineg Commandë kommen dogéint awer hei aus dem Grand-Duché.