Bio, Chimie a Physik, fir vill Leit waren dës déi schlëmmste Stonne vun hirer Schoulzäit.

Iwwert 2.000 Schüler hu rëm mat Freed un der Lëtzebuerger Olympiade fir d’Naturwëssenschaften deelgeholl. Dovunner sinn der 24 bis an d’Final komm, dës Woch am Lycée Michel Rodange.    
  
D'Theema vun der Finall dës Joer war d’Loft, esou de Vizepresident, vun der OLSN ASBL Christophe Ternes. Den Dossier war an déi 3 Fächer opgedeelt: Biologie, Chimie a Physik. Pro Fach goufen et dann och déi verschiddenst Aufgaben, wou oft Elementer benotzt goufen, déi déi meescht Leit net onbedéngt mat den Naturwëssenschafte verbanne géifen : LED-Luuchten, Gebuertsdag-Ballon a Pingpong-Bäll.  
  
D’LED-Luuchte goufe fir eng BioAufgab gebraucht, déi mat Algen ze dinn hat. De Gebuertsdag-Ballon gouf fir een Ënner-Waasser-Experiment benotzt. An de Pingpong-Ball huet mat Hëllef vun engem Fön fléie geleiert. Hei missten d’Kandidaten ouni Wo eng Mass rechnen.

RTL

Déi éischt Ronn war am November, wou iwwert 2.200 Schüler aus 30 verschiddene Lycéeën deelgeholl huet. Do huet nach jidderee fir sech geschafft. D’Epreuvë si wéi normal Prüfungen opgestallt.  An der Finall schaffen déi 24 Kandidaten dann och fir déi éischte Kéier a Gruppen zesummen. Bei der Opdeelung gouf opgepasst dass an all Grupp e Spezialist vu Biologie, Chimie a Physik vertrueden ass. Hei sinn et dann och haaptsächlech praktesch Aufgaben.   
  
1 Mount virun der Finall ginn d’Schüler dann och d’Gruppe gewuer. Hei ass dem Christophe Ternes opgefall, dass an de leschte Joer et ëmmer méi Kontakt virun der Finall gëtt. Oft gëtt ënnereneen ofgekläert, wie wéi een Deel vun der Epreuve iwwerhëlt.  
 
Bei der Opdeelung gouf opgepasst, dass an all Grupp e Spezialist vu Biologie, Chimie a Physik vertrueden ass.   D’Schüler ginn an der Finall an änlech Konditioune gesat, wéi am Premièresexamen. De Minimum u perséinleche Saache bei sech, keen Handy dobäi a Proffen, déi ronderëm dréinen.    

RTL

5 Minutte viru Schluss war den Drock dann awer nach emol héich . An dunn huet et geheescht : Bic néierleeën an den Dossier ofginn. Duerno konnten d’Schüler dann och de Sall verloossen an direkt sinn déi éischt Gespréicher iwwert d’Aufgabe lassgaangen.

No engem leeschten Debriefing konnten d’Schüler dann och heem. D’Proffen hu sech direkt un d’Verbesserung gesat.

Den 18. Mäerz war d’Präisiwwerreechung am Naturmusée an der Stad. Hei gouf bekannt wéi eng 6 Schüler Lëtzebuerg zu Zagreb op der Europäescher Olympiad fir Experimentell Naturwëssenschafte vertrieden dierfen.  
  
Déi zwou Ekippen, déi am Abrëll op Zagreb ginn, sinn:  
Tim Carl (SLP) - Charles Ralinger (MLG) - Len Bamberg (MLG)  
Adrian Mai (EE1) - Esther Franzen (LGE) - Nicolas Bourg Rodrigues (LAML)