Déi dänesch "PostNord" liwwert keng Bréiwer méi aus

© Ritzau Scanpix/AFP / Ritzau Scanpix / Philip Davali
400 Joer laang huet PostNord, déi dem dänesche Staat gehéiert, de Bierger am Land hir Bréiwer an d'Bréifboîte bruecht. Domadder ass et elo eriwwer.
Déi ronn 1.500 Bréifkëschten am Land, wou d'Leit bis ewell hir Bréiwer ageheie konnten, wäerte vum Juni u lues a lues verschwannen. Dëst wäert awer net bedeiten, datt keng Bréiwer oder Päck méi an Dänemark kënne verschéckt ginn. Den Transportminister Thomas Danielsen huet verséchert, datt dëst nach weider passéiere kann, dat awer elo op engem fräi Maart.
Dat ass fir Dänemark en Novum, ëmmerhi gouf et de Service vun der PostNord zanter 1624. PostNord wäert sech awer net opléisen, mä weiderhin um Maart vun de Päck aktiv sinn. Timberen, déi dëst oder dat lescht Joer kaf goufen, kënnen nach bis 2026 ëmgetosch ginn. Ronn 1.500 Mataarbechter kéinten hir Plaze verléieren. Fir d'Post schaffen aktuell 4.600 Leit.
Ma datt et dem Postservice an Europa aktuell net all ze gutt geet, ass keng Nouvelle. Eréischt virun e puer Deeg hat d'Deutsche Post jo annoncéiert, datt ee ronn 8.000 vun den 187.000 Plaze wéilt sträichen.
Et gëtt eng App fir alles
Dänemark gëllt als eent vun de digitaalste Länner op der Welt, well et fir alles eng App gëtt, esou d'BBC. Déi mannste Leit hunn nach Boergeld bei sech, mä et kann alles mat enger App bezuelt ginn. Och de Fürerschäin oder d'Carte d'identité kënnen d'Dänen digital bei sech un. An och all déi offiziell Korrespondenz, vun Ministèren, Autoritéite bis Banken, ginn haaptsächlech nach digital verschéckt.
Fir PostNord lount sech de Bréif-Maart einfach net méi. Goufen am Ufank vum Joerdausend nach 1.4 Milliarde Bréiwer am Land verschéckt, waren et der 2024 grad emol nach 110 Milliounen.