Och Kanner kënne Liewe retten. Dat wëlle Schüler aus dem Arts et Métiers beweisen an hunn dofir e Spill entwéckelt, dat Kanner Éischt Hëllef bäibréngt.

"All Sekonn zielt - Är Aktioune kënne Liewe retten" - dat ass de Message, dee sechs Schüler vun der 2ième Classique Informatique aus dem Lycée des Arts et Métiers mat hirem Spill "Rescue Rush" vermëttele wëllen. Duerch Éischt Hëllef kënnen nämlech net just Blesséierter séier gehollef kréien, mä och d'Rettungsdéngschter entlaascht ginn.

Ma net ëmmer ass en Erwuessenen do, fir ze hëllefen respektiv huet dësen och en Éischt-Hëllef-Cours matgemaach. De Matti Wirtz, Member vun der Mini-Entreprise, fiert selwer op der Ambulanz an huet "gemierkt, datt et net vill Mënsche ginn, déi d'Geste vun der Éischter Hëllef beherrschen" an d'Leit dowéinst dacks "entweder net hëllefen oder falsch reagéieren". Wann awer "méi Leit d'Basics an der Éischter Hëllef beherrsche géingen", kéint d'Hëllef "besser organiséiert an domat méi Leit méi séier gehollef" ginn.

Dowéinst setzen d'Schüler aus dem Arts et Métiers mat engem Gesellschaftsspill dorop, d'Leit schonn am jonken Alter z'informéieren. Mat "Rescue Rush" wëll d'Mini-Entreprise Kanner vun 8 Joer un op eng spilleresch Aart a Weis d'Basis vun der Éischter Hëllef bäibréngen. Esou sollen d'Kanner léieren, "net ze zécken an direkt déi richteg Schrëtt" an d'Weeër ze leeden, "bis professionell Hëllef do ass", erkläert de Matti Wirtz weider.

RTL

© RTL

Opgebaut wéi e Brietspill fueren d'Spiller als Ambulanz duerch Lëtzebuerg. Komme si bei engem Patient un, gëtt eng vun 100 verschiddenen Asaz-Kaarte gezunn, op deene steet, wéi si de Patient musse behandelen. A Form vu Kaarten hu si verschiddent Material an der Hand, mat deene si nom Patient kënne kucken - alles Saachen, déi een an enger Éischt-Hëllef-Trousse fënnt. Fir all "richtege Gest" ginn et Punkten a wa si e Patient an d'Spidol bréngen, kréie si zousätzlech Punkten dobäi. Um Wierfel gëtt et iwwerdeem nach en Ausruffzeechen. An deem Fall gëtt eng Fro zum Theema Preventioun gezunn. Ass d'Äntwert richteg, gëtt et e weidere Virdeel fir de Spiller.

De Matti Wirtz preziséiert awer och, datt "d'Wëssen, wat am Spill vermëttelt gëtt", just theoreetesch wier. Fir praktescht Wëssen z'iwwermëttelen, bräicht et e Spiller, deen Éischt Hëllef kann an d'Saachen iwwerpréift. Donieft betounen d'Schüler, datt d'Spill keen Éischt-Hëllef-Cours ersetzt an dat och net hir Intentioun wier. D'Kanner solle "fundamentaalt Wëssen" vermëttelt kréien a motivéiert ginn, e richtege Cours fir Éischt Hëllef ze maachen.

Entwéckelt a produzéiert hunn d'Schüler "Rescue Rush" zesumme mat der Fondatioun Kräizbierg, déi Mënsche mat Behënnerung ënnerstëtzt an hinnen eng Beschäftegungsméiglechkeet bitt. An hirer Imprimerie ginn ënnert anerem d'Spillkaarten, d'Spillbriet, d'Reegelbichelchen an d'Këscht hiergestallt. D'3D-Figuren an d'Wierfele gi vun de Schüler selwer am 3D-Printer gedréckt.

RTL

© RTL

Et wier de Schüler wichteg gewiescht, "d'Spill ganz zu Lëtzebuerg ze produzéieren, fir déi lokal Wirtschaft z'ënnerstëtzen an Transportweeër ze reduzéieren". Duerch d'Fondatioun Kräizbierg hätte si d'Méiglechkeet, "d'Spill an héijer Qualitéit ze drécken" a gläichzäiteg e "sozialen Aspekt" an hire Projet anzebannen.

Iwwerpréift, ob all d'Informatiounen iwwer d'Éischt Hëllef richteg sinn, huet de Jeff Herr - den eenzegen Éischt-Hëllef-Instrukter fir Kanner zu Lëtzebuerg.

Nieft dem Brietspill entwéckelen d'Schüler vun der Mini-Entreprise och eng digital Versioun vu "Rescue Rush". Zil vun der Online-Versioun, déi gratis wäert sinn, ass et, d'Spill fir e méi breede Public zougänglech maachen. Déi zukünfteg Spiller erwaart en interaktiivt Spill mat Froen, Mini-Spiller a realistesche Situatiounen. D'Online-Spill wäert awer eréischt am Fréijoer verëffentlecht ginn.

Méi Informatiounen zum Spill a wou Dir "Rescue Rush" ze kafe kritt, fannt Dir um Site vun der Mini-Entreprise.