Nei Staffel vun Home(s)
Dir hutt en Haus oder e Raum mat enger besonnescher Geschicht? Da mellt Iech!

Dir sidd houfereg op Äert Doheem? Hutt en eenzegaartege Raum, eng beandrockend Renovatioun oder eng inspiréierend Geschicht iwwer Är Ariichtung?
RTL sicht Hausbesëtzer uechter Lëtzebuerg, déi bei der neier Staffel vun der RTL-Serie Home(s) matmaache wëllen!
Ob e modernt Haus, e charmante Refuge um Land oder architektonescht Meeschterwierk - mir wëllen déi aussergewéinlech Haiser weisen, déi Lëtzebuerg esou besonnesch maachen.
Dir sidd interesséiert? Da schéckt eis Är Fotoen an Informatiounen op homes@rtl.lu a vläicht weise mir Äert Haus an eiser neier Staffel!
Am meeschte gelies