Am Spill "Marginal" kënnt Dir Iech als Brigadier beweisen

Am Kader vun eiser neier Serie Marginal hu mir en Online-Spill erstallt, bei deem Dir d'Méiglechkeet hutt, Äert Kënnen ënnert Beweis ze stellen.
Hutt Dir de richtege Bléck, fir bei der Kriminalbrigad dobäi kënnen ze sinn?
Am Spill kritt Dir e Bild aus der neier Serie Marginal gewisen. An deem Bild si véier Indicë verstoppt, déi Dir hannertenee fanne musst. Nodeems Dir den éischten Indice fonnt hutt, muss Dir den nächste fannen an dat esoulaang bis Dir se alleguerte fonnt hutt.
Mä opgepasst, et sinn net nëmmen d'Indicen, déi zielen, et ass nämlech och d'Zäit, déi gezielt gëtt.
Ënnert all de Leit déi, déi 4 Indicen an der bescht méiglecher Zäit fonnt hunn, gëtt dat neit Gesellschaftsspill "Mord am Ministère" verloust!
All d'Episode vun der "True Crime"-Serie Marginal fannt Dir op RTL Play.