Archeologe bréngen zu Lëtzebuerg verstoppte Schätz un d'Dagesliicht
D’lescht Joer hunn Archeologen direkt op zwou Plazen zu Lëtzebuerg Aussergewéinleches fonnt: Iwwerreschter vun enger Festungsanlag a réimesch Goldmënzen.
Ma wat geschitt elo mat dësen Decouverten? A wéi gesäit d’Aarbecht vun den Archeologen zu Lëtzebuerg iwwerhaapt aus?
Ënnert eise Féiss leie plazeweis faszinéierend Geschichten aus der Vergaangenheet, déi just drop waarden, entdeckt ze ginn. Esou wéi zu Huelmes bei der Buerg. Am Virfeld vun den Ëmbauaarbechten un der Jugendherberg ass een op al Gemaier gestouss: eng Bréck an zwee Artillerie-Tierm aus dem Mëttelalter.
“Mir hunn op kengem vun den historesche Pläng och nëmmen ee Soupçon vun engem Indiz dofir gehat, dass hei esou eppes ze fanne wier”, esou d’Christiane Bis vum INRA, dem nationalen Institut fir Archeologie. Dass et een zweete Gruef gëtt, fir d’Buerg viru Feinden ze schützen, wier aussergewéinlech a seelen. Dofir soll de Site an Zukunft och valoriséiert a fir de grousse Public zougänglech gemaach ginn. Ma elo gëtt d’Bréck fir d’éischt mol stabiliséiert a mat Sand zougeschott, fir dass se d’Bauaarbechten un der Jugendherberg iwwerlieft.
“Eise Buedem ass voll mat fantastesche Saachen”
Déi mëttelalterlech Konstruktioun ass awer net dat Eenzegt, wat sech zu Huelmes ënnert dem Buedem verstoppt huet. Ënnert anerem louchen do och nach Stécker vu Liederschong. Zu Bartreng am Atelier vum INRA ginn esou Objete restauréiert, déi um Terrain fonnt ginn. D’Zil ass et, d’Objeten ze erhalen, sou dass se och nach an Zukunft kënne gekuckt an analyséiert ginn, erkläert d’Lotte Maue, Restauratrice am INRA. An der nächster Etapp ass et dann un den Archeologen, fir méi doriwwer erauszefannen.
“Für die Wissenschaftler sind das alles Informationsträger. Es sind keine hübschen Dinge zum Anschauen, sondern vor allem Dinge, die ihnen etwas sagen. Und dafür müssen sie jede Besonderheit daran erkennen. Und unsere Aufgabe ist es dann eben, das wieder sichtbar zu machen.”
De Gros vun de Saachen, déi fonnt ginn, landen no der wëssenschaftlecher Analys am Depot. Just e klengen Deel vun den Decouverte gëtt a Muséeë gewisen.
Präventiv Archeologie
Dass d’Liederstécker an d’Bréck zu Huelmes iwwerhaapt konnte fonnt ginn, läit dorun, dass den INRA am Virfeld vu verschiddene Bau-Projete präventiv gruewe geet. Well deemno wou soll gebaut ginn, kann et sinn, dass een ënnert dem Buedem op interessant archeologesch Elementer stéisst. Dofir gëtt sou gutt wéi all gréissere Bau-Projet analyséiert. 2024 waren et 678 Dossieren, erkläert d’Mei Duong, Responsabel vum zoustännege Service. Bei zwee Drëttel vun de Projete waren awer keng weider archeologesch Demarchen néideg.
“Mir kucke fir d’éischt intern, wéi ee Projet et ass, wéi ee Site do läit, ob et do iwwerhaapt néideg ass, eng Operatioun ze maachen. Dat heescht net, dass direkt Sondagë musse gemaach ginn a scho guer net direkt eng Gruewung."
“Zu engem Baustopp kënnt et just seelen”
De Prinzip vun der präventiver Archeologie ass agefouert ginn, fir Retarden op Chantieren ze evitéieren. Soss war et nämlech esou, dass wann ee wärend den Aarbechten duerch Zoufall op archeologesch Iwwerreschter gestouss ass, dat e Baustopp als Konsequenz hat. Dat kéim awer just seele vir, esou den David Weis, Direkter vum INRA. Dass si sech an esou Fäll net ëmmer beléift géife maachen, wier him bewosst.
"Et geet eis net drëm, dass eppes net gebaut gëtt. Mir wëllen et just studéieren, dokumentéieren, an duerno dierf et zerstéiert ginn. Mee op d'mannst hu mir dann d'Dokumentatioun, fir eis Fuerschung an deem Beräich weider ze bréngen."
Wat de Goldschatz vun Holztem ugeet, deen am Dezember fir eng kleng Sensatioun gesuergt huet: déi 141 réimesch Goldmënze ginn aktuell nach vun Numismatiker wëssenschaftlech analyséiert. Ob a wéini de Public se ze gesi kritt, ass nach net gewosst.
Dem David Weis no misst den INRA nach méi fuerschen, dokumentéieren a virun allem publizéieren, fir och engem méi breede Public d’Archeologie méi no ze bréngen. Well der Branche géif et un Nowuess feelen.