Méi Caféë brauch d'Land

© SIMON WILDER Robert Harding RFrobertharding via AFP
Well d'Bistroen um Land am Ausstierwe sinn, soll et a Frankräich via neit Gesetz méi einfach ginn, e Lokal opmaachen ze kënnen. Eng Iddi mat Géigewand.
Wien a Frankräich e Café wëllt opmaachen, muss dofir d'Lizenz iwwerhuele vun engem anere Café, deen zoumécht. Sou ass et virgeschriwwen, mee dës Reegel soll elo geännert ginn. Grond dofir ass d'Ausstierwe vum klasseschen Duerfcafé um Land.
A Frankräich gëtt et ronn 35.000 Gemengen a ronn 31.000 dovun hu manner wéi 3.500 Awunner. An zwee Drëttel vun dësen Dierfer gëtt et keen zentraalt Lokal méi. Wou sollen also neier hierkommen, wa keng al méi do sinn, déi vu potentiellen Interessente kéinten iwwerholl ginn?
An engem Projet de loi gëtt elo virgeschloen, d'Prozedure fir d'Ouverture vun engem Café ze vereinfachen. "Sou e Lokal ass en Uert vun de Renconteren a vun de soziale Verbindungen, op deen all Fransous en Urecht sollt hunn", seet den Deputéierte Guillaume Kasbarian, deen d'Iddi virgeschloen huet. Nieft Kaffi soll do och alkoholescht Gedrénks dierfe verkaaft ginn.
Géigewand fir déi Initiativ kënnt vun der grénger Oppositioun. Eng Lizenz fir e Café dierfen opzemaachen, ass och ëmmer d'Erlabnis, fir Alkohol dierfen ze verkafen. All Joer stierwen awer a Frankräich ronn 41.000 Leit un de Suitte vun iwwerméissegem Alkoholkonsum. E Problem, deen net dierft iwwersi ginn.
Fir déi ëmstridden Ausnamereegelung trotzdeem duerchzekréien, soll se just an Uertschafte gëllen, an deenen et bis elo nach iwwerhaapt keen Duerfcafé gouf. 2019 war dës Reegel scho getest ginn, elo soll se dann zur Norm ginn.