De Mënsch hannert der Stëmm oder dem Gesiicht

© rtl.lu
Wien a wat stécht hannert de Stëmmen a Personnagen, déi all Dag fir Iech den RTL-Programm maachen? De Gibbes freet no a sengem neie Podcast "inteam".
Intim gëtt et - am neien RTL-Podcast "inteam".
Bekannt Stëmmen a Gesiichter vu Radio an Tëlee weisen hei hir aner Säiten a verrode munch intimen Detail aus hirem Liewen.
Wat maachen d'RTL Leit no Feierowend, oder virun der Schicht, wéi eng Hobbyen hu se, sammele se eppes, wéi e Sport maache se a wéi si se iwwerhaapt bei déi dräi grouss Buschtawe komm?
(Vläicht) net alles, awer villes verrode si dem Gibbes Bertolo, deen an dësem Podcast op der Sich no de Mënschen hannert de Stëmmen an de Gesiichter ass. Relax, entspaant a ganz wichteg fir Leit aus der Welt vun de Medien: mol eng Kéier net mussen op d'Auer kucken.
No Marie Gales, Luc Marteling, Sascha Georges a Lynn Cruchten ass et déi Kéier um Franky Hippert, inteam ze ginn.
Freet Iech all Woch op e neien Interview - hausintern - ebe ganz inteam!