Klenge Jong rifft Police, well seng Mamm seng Glace giess huet

© Village Of Mount Pleasant Police Department
D'Beamten am US-Staat Wisconsin hunn net schlecht gestaunt, wéi ee klenge Bouf "911" ugeruff huet, fir ze mellen, datt seng Mamm säin Dessert giess huet.
Seng Mamm wier béis gewiescht a misst elo agespaart ginn, sou de Jong vum Telefon.
Genee an deem Moment hätt d'Mamm den Handy an de Grapp geholl. Si huet awer direkt zouginn, datt si effektiv hirem Fils seng Glace giess hätt.
D'Beamte sinn dunn awer mol kucke gaangen, fir sech ze vergewësseren, datt hei näischt méi Schlëmmes geschitt wier.
De Jong huet virop nach eng Kéier betount, datt et him ëm seng Glace géing goen, och wann hien eigentlech net wéilt, datt seng Mamm an de Prisong géing kommen.
2 Deeg méi spéit hunn d'Polizisten him eng Glace mat 2 Bullen laanscht bruecht.