Duebel an dräifach falsch
E Graffiti mam Donald Trump ass guer kee Konschtwierk vum Banksy.
All gudden Dag gëtt am Internet eng nei Kaz geschleeft. Bei dësem Bild vun engem Graffiti ass et net aneschters. Et weist den Donald Trump an enger Rei mat mënschleche Virfaren an de verschiddenen Entwécklungsstadien. De Witz ass eigentlech net schwéier ze verstoen.
De Graffiti, dee säin Tour iwwert déi üblech Plattforme mécht, gëtt duergestallt als neiste Wierk vum Banksy. Dee brittesche Stroossenartist, dee wéi e Phantom op- an ënnerdauche kann, ouni bei sengem kënschtleresche Wierken erkannt ze ginn. Him géif een esou eng satiresch-ironesch Duerstellung vum US-President sécher zoutrauen.
De Graffiti ass awer - fir an der Sprooch vum Donald Trump ze bleiwen - Fake. Souguer en duebele Fake. Kreateur ass de Loretto, en anere brittesche Kënschtler, dee sech mat Banksy-esque Motiver auszedrécke weess. De Loretto huet den Trump wuel an déi Rei vu Primate gemoolt, awer an déi aner Richtung gedréint. Progressiv, net regressiv orientéiert.
Dem opmierksame Betruechter bleift dobäi dem Loretto säi Sënn fir Humor sécher net verstoppt. De President geet hannert engem urzäitlechen Af. Hien ass quasi zeréckbliwwen a senger Entwécklung. Dat wier d'Symbolik vun deem Graffiti an net, wéi zeg Supporter et am Internet beschreiwen, de Mann dee säin eegene Wee geet an der Evolutioun säi Wëllen opzwéngt.
De Loretto, deen zanter Jore fir seng satiresch Graffitikonscht bekannt ass, huet säi Wierk iwwregens schonn 2017 vollbruecht, wärend dem Donald Trump senger éischter Amtszäit an net elo réischt viru kuerzem. Also nach en drëtte Feeler an der Geschicht ronderëm dat Banksy-Bild, dat guer keent ass.

© Lorettostreetart