Bal eng Woch laang huet déi 41 Joer al Fra ageklemmt an hirem Auto iwwerlieft.

Si huet Waasser aus enger Baach gedronk, déi direkt laanscht d'Autosdier gelaf ass. Si gouf no 6 Deeg vun engem Mann entdeckt, dee wéinst Aarbechten an där Géigend war. D'Automobilistin koum op Chicago an d'Spidol.

Déi 41 Joer al Fra war schonn Deeg virdrun als vermësst gemellt ginn. Si war leschten Donneschdeg  vun der Strooss ofkomm, nodeems si hannert dem Steier ageschlof war. Den Auto war vun der Strooss aus net ze gesinn, dofir ass si och sechs Deeg laang net fonnt ginn.

D'Waasser aus der Baach huet hiert Liewe gerett. Si huet hire Pullover an d'Waasser gezappt a konnt esou ëmmer e puer Drëpse Waasser drénken.