Den éisträicheschen Extreemcyclist Fabio Wibmer huet sech fir seng neisten Aktioun dat héchste Gebai vun Hamburg erausgesicht.

Aus der Siicht vun engem Freerider ergëtt déi speziell Daachkonstruktioun vun der Elbphilharmonie net just en apaarten Design, mä an engems och nach e formidable Bike-Park.

Déi geschwonge Linne vum héchste Bauwierk zu Hamburg si wéi gemaach fir eng kleng Pist unzeleeën. Den Éisträicher Fabio Wibmer huet sech net 2x biede gelooss a fir eng Promoaktioun seng Konschtstécker virgefouert.

Domat war et awer nach net gedoen. Bannen am bekannte Concertssall huet de Wibmer, dee méi wéi 8 Millioune Follower huet op YouTube, nach weider Tricken zum beschte ginn.

Kuckt hei de Video vun der spektakulärer Aktioun: