Och zu Lëtzebuerg gouf e Méindeg de St. Patrick's Day gefeiert
Dee wuel bekanntsten iresche Feierdag ass de St. Patrick's Day, dacks och léif St. Paddy's genannt.
All Joer gëtt de 17. Mäerz vun den Iren an der ganzer Welt gefeiert an esou munch Net-Ire ginn deen Dag "Irish for a day". Mee wat gëtt dann op dësem Dag genee gefeiert? A virun allem - Wie war deen ominéisen hellege Patrick?
Op deem Dag geet et ëm de Schutzpatréiner vun Irland, de St. Patrick. Der Legend no huet hien d’Chrëschtentum op d’Insel bruecht, d’Kléiblat zum absolutten Trend gemaach an hie soll Irland vun enger Schlaangeplo befreit hunn. Woubäi et, de Biologen no, zu deem Zäitpunkt keng Schlaangen an Irland gouf. Dat soll awer elo keen ofhalen, de Patrick ze éieren, dëse reliéise Feierdag gëtt zanter méi wei 1.500 Joren um Doudesdag vum Hellege Patrick ofgehalen.
Offiziell gëtt den Dag an Irland awer eréischt zanter 1903 gefeiert. Feieren ass hei villäicht och net dat richtegt Wuert; ma deemools war et e rouege Festdag, deen um selwechten Dag war wéi den Ufank vun der Faaschtenzäit. Eréischt 1960 huet e Gesetz et sougenannte Pubs erlaabt, hir Diere fir deen Dag opzemaachen. Aus de kathoulesche Feierlechkeeten hu sech Paraden entwéckelt mat Partyen duerno.
Iwwerall, wou een um St. Patrick’s Day hikuckt, ass alles gréng. Vun den Hoer, Kleeder, Flëss, esouguer bis hin zum Iessen. Och de Béier gëtt gréng gefierft an de bekannte Guinness-Béier gëtt a ville Moolzechte verschafft. Et wäerten eng sëlleg Pubs uechter eist Land an der symbolesch grénger Faarf vun Irland erstralen. Ma de 17. Mäerz dierf sech jiddereen e bëssen ‘’iresch’’ spieren. Ob de gréng gefierfte Béier dann och wierklech schmaacht, ass jidderengem selwer iwwerlooss.
An deem Sënn en Happy St. Patrick’s Day.