Zu Penne kann ee sech een Doheem fir de Präis vun engem Espresso leeschten. Esou soll eppes géint d'Emigratioun vun den Awunner gemaach ginn.

Zënter dem Ufank vum Programm am Joer 2022 goufe 6 Wunnenge verkaf, an der Haaptsaach un Italiener, Déi nächst Tranche soll an den nächste Wochen an d'Vente kommen.

Zu Penne ginn et iwwer 40 eidel Gebaier, alleguerten am historeschen Zentrum, wou ganz Familljen an de leschte Jore fortgeplënnert sinn. Mam 1-Euro-Programm soll verhënnert ginn, datt een an enger Geeschterstad muss liewen.

Déi eenzeg Konditioun fir interesséiert Leit ass, datt ee bannent 3 Joer dës Haiser nees renovéiert. Déi Leit mam beschten a séierste Renovatiounsplang hunn déi beschte Chancen.

Dofir gëtt zu Penne och op all Zort vu Kautioun verzicht.