Fans vun den Emissiounen "Top Gear" an "The Grand Tour" kënne sech erëm op hir 3 Helde freeën. Am beschten awer net ze vill.

Wie gären Tëleesemissiounen iwwer Autoe kuckt, deem sinn d'Hären Jeremy Clarkson, Richard Hammond an James May e Begrëff. Mat Top Gear sinn déi 3 Britte weltberüümt ginn. Nom Out vun där Kult-Sendung hate se sech op Amazon mat The Grand Tour en änlecht Format opgebaut. Do war et am leschten Hierscht déi lescht Emissioun - duerno gouf hir Produktiounsfirma opgeléist an zanterhier ass et roueg ginn ëm déi 3 Moderatoren.

Comeback?

Am Prime-Programm fir den Abrëll steet elo ze liesen, datt Amazon do eng Emissioun mam Titel The Not So Grand Tour weise wäert. Weider Detailer gi keng genannt. Anescht op der Internetsäit vun der International Movie Data Base. Do gëtt fir den 18. Abrëll eng Diffusioun versprach, mat eisen 3 bekannte Männer als Moderatoren. Aha.

The Power and the Glory

De British Board of Film Classification BBFC wëllt wëssen, dass et sech souguer ëm direkt e puer Episoden handele wäert. Déi éischt Folleg heescht laut hinnen "The Glory and the Power" a weist, wéi Clarkson a Co. de Verbrennungsmotor feieren, mat engem Réckbléck op hir gréissten Tester an Aventuren. Also mat anere Wierder: Amazon huet eng Aart Best-Of-Serie vun Top Gear an The Grand Tour preparéiert.

Näischt Hallwes, näischt Ganzes?

Di brittesch Programmzäitschrëft RadioTimes behaapt zousätzlech, dass Hammond a May dës Réckblécker moderéiere wäerten. Den Jeremy Clarkson wäert just op Archivbiller ze gesi sinn. Schued. De Krauselkapp vum Déngscht hat no der leschter gemeinsamer Sendung gesot, hie wier elo ze al an ze déck, fir an Autoen ze klammen, déi him gefalen an hie wier net un deenen interesséiert, déi him net gefalen. Den Jeremy schéngt sech op säi Bauerenhaff ze konzentréieren - d'lescht Joer ass déi 5. Staffel vu senger erfollegräicher Emissioun Clarkson's Farm confirméiert ginn.

E richtege Comeback gesäit also anescht aus. The Not So Grand Tour gëtt produzéiert vum Phil Churchward, deen an de leschten 2 Joerzéngte bei de meeschten Episoden vum bekannten Trio seng Fangeren am Spill hat. Hat de Clarkson nach gemengt, dass hir 22 Joer laang Zesummenaarbecht gutt an ouni Skandaler op en Enn gaange wier, sou sinn d'Fans elo net ganz sécher, ob déi 3 sech mat sou enger Best-Of-Show vun opgewiermtem Material e Gefale wäerten doen.

Vläicht gëtt se och sou en Desaster, dass Clarkson, Hammond a May um Enn nach emol de ganz groussen Top Gear-Revival wäerten ugoen.