Op engem Concert hat de Sänger vun den Dropkick Murphys Ken Casey verbal géint Trump-Fans ausgedeelt.

Passéiert war dat ganzt op Saint Patrick's Day op engem Concert zu Boston. E Fan war dohinner komm an hat eng "MAGA"-Kap (Make Amerika Great Again) un. "Wann Dir an engem Raum voller Leit sidd a wësse wëllt, wie Member vun enger Sekt ass... Déi haten déi ganz Nuecht iwwer dës schäiss Kap (fucking hat) vun hirem President héichgehalen." Well et eng schwaarz Kap mat schwaarzer Schrëft war, wéi den Elon Musk se ëmmer unhuet, huet de Casey d'Kap als "richteg Nazi Editioun" bezeechent.

D'Band huet e Video vun dëser Ausso am Netz eropgelueden, dee dausende Mol gedeelt gouf. Kuerz drop ass ville Fans opgefall, datt X den Account vun den Dropkick Murphys gespaart huet. Bei de Fans an an de Medien, och hei op RTL, gouf spekuléiert, datt d'Späre vum Account eppes mat de Videoen ze dinn hat.

An engem Interview mam Rolling Stones stellt d'Band awer kloer, datt den Account net dowéinst gespaart war. "Mir hunn Twitter 2022 verlooss, wéi hie just en hallwen Nazi war", sot de Casey an dësem Interview iwwert den Elon Musk. Dono hätt eng Persoun hiren Numm iwwerholl a gemaach, wéi wann en den offiziellen Dropkick-Murphy-Account wier. Dat huet d'Band gemellt a rechtlech Schrëtt an d'Weeër geleet. Dowéinst gouf @dropkickmurphys op X gespaart. De Casey spekuléiert awer, datt si just méi séier waren, wéi de Musk. "Mir hunn eisen Account geläscht, well mer net Deel vum Imperium vun deem Typ wollte sinn. [...] Awer wa mer et nach wären, hätt hien eis sécher scho gespaart."