Och dëst Joer hunn d'Vereenten Natiounen um internationalen Dag vum Gléck hire "World Happiness Report" publizéiert an do schneit de Grand-Duché gutt of.

Den 20. Mäerz ass den internationalen Dag vum Gléck. Schonn 2012 hunn d'Vereenten Natiounen den Dag offiziell ausgeruff, fir dorop hinzeweisen, datt et fir jidderengem säi Wuel wichteg ass, frou ze sinn an et e Liewenszil fir jidderee soll sinn.

An deem Kontext gëtt all Joer de "World Happiness Report" publizéiert, dee berechent, wou d'Mënschen op der Welt am glécklechste sinn. Fir dat 8. Joer hannertenee läit Finnland am Happiness-Index op der éischter Plaz. Dat virun Dänemark an Island. Israel par conter, dat d'lescht Joer nach op Plaz 5 louch, huet dräi Plaze missen abéissen a kënnt dëst Joer just nach op Plaz 8.

Lëtzebuerg läit am allgemenge Ranking op der 9. Plaz vun 147 Länner an ass deemno ëm eng Plaz erofgerutscht. Bei den ënner 30 Joer ale souguer op Plaz 6. Bei de Mënschen am Alter vu 60 Joer oder méi packt de Grand-Duché et allerdéngs net an d'Top-10, mä op eng 12. Plaz. Doraus schléisst de Rapport, datt déi Jonk zu Lëtzebuerg méi glécklech si wéi déi méi al Generatiounen.

Bei eisen Nopere gesäit et am Länner-Ranking éischter manner gutt aus, och wann d'Belsch an Däitschland jeeweils zwou Plazen erop réckele konnten. D'Belsch beleet domat 2024 eng 14. Plaz, virun Däitschland mat enger 22. Plaz. Frankräich par konter ass fënnef Plazen erofgerutscht op Plaz 33.

De Ranking baséiert op enger sëllege Krittäre wéi zum Beispill der Aschätzung vun de Leit a punkto Liewenszefriddenheet, gekoppelt och un de PIB oder d'Sécherheetssituatioun vun engem Land.

Firwat sinn d'Lëtzebuerger esou glécklech?

Ënnert anerem dréit déi héich Kafkraaft zu Lëtzebuerg zum Wuelbefanne vun den Awunner bäi. An och wa Lëtzebuerg bei de soziale Kontakter vun de Bierger e bësse manner gutt ofschneit, ass déi héich Liewenserwaardung bei gudder Gesondheet e weidert Argument fir de Grand-Duché.

Donieft fille sech d'Awunner vu Lëtzebuerg dem World Happiness Report no awer och fräi an hire Liewensentscheedungen, wat eng ganz wichteg Konditioun fir Gléck ass. Doriwwer eraus droen och d'Generositéit vun de Lëtzebuerger zum Gléck bäi, grad ewéi d'Gefill, datt et net vill Korruptioun hei am Land gëtt.