D'Vicky an d'Carole Whipple hu Lëtzebuerg verlooss a sech zu Fredericksburg am Texas mat enger Musek-Bar selbststänneg gemaach.

Fredericksburg am Texas eng ronn 130 Kilometer westlech vun Austin. Hei liewen ongeféier 11.000 Awunner, vill dovunner mat däitschen Originnen. Zanter hirer Grënnung ass d'Stad e beléiften Zil fir däitsch Auswanderer. Sou iwwerrascht et dann och wéineg, dass een hei eng Partie Butteker, Caféen a Restaurante mat däitschen Nimm gesäit. Och wann een an Däitschland wuel keen "Auslander Biergarten Restaurant" fënnt, dierft awer kloer sinn, aus wéi engem Land d'Bedreiwer vum Etablissement ursprénglech stamen.

RTL

© Cédric Ferry / RTL

Méi ongewinnt ass do schonn e Schëld mat rouder Schrëft iwwert der Entrée vun engem klenge Gebai mat enger schwaarzer hëlzener Fassad. "Der Daiwel Rock Bar" kann een op dësem liesen. Eng Bar mat lëtzebuergeschem Numm matten am Texas, wat huet et domat op sech? Ma hannert dësem Café stiechen zwou Lëtzebuerger Schwësteren: D'Vicky an d'Carole Whipple hu sech mat "Der Daiwel" viru bal 12 Joer en Dram erfëllt. Wéi et dozou komm ass, dass si e Café mat Fokus op Rock- an Heavy-Metal an enger klenger texanescher Stad bedreiwen, huet d'Vicky Whipple mir am Interview verroden.

Vun der Staatsplaz op der Krankekeess zur Besëtzerin vun enger Bar am Texas

De Kontakt zu den USA gouf der Vicky Whipple quasi an d'Wéi geluecht. Als Duechter vun enger Lëtzebuerger Mamm an engem amerikanesche Papp gouf si nämlech am Bundesstaat Rhode Island un der Ostküst vun den USA gebuer, éier si mat aacht Méint op Lëtzebuerg komm ass. No der Lycéeszäit huet si dann nieft der amerikanescher och d'Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl. Dat, well si nom Lycée bei de Staat wollt schaffe goen. Eng Decisioun, déi, wéi si verréit, och mat der Kleederuerdnung ze dinn hat:

"Ech hu Problemer domat, fir mech schick unzedinn. An do war ech dunn eng Kéier an der Post, an do souz s een am Guichet mat laangen Hoer a voll tätowéiert. Dunn ech hu geduecht: 'Oh, de Staat hëlt all Mënsch, ech gi bei de Staat. Kanns dech undoen, wéi s de wëlls, kanns de ausgesinn, wéi s de wëlls.'"

Schliisslech krut d'Vicky Whipple eng Plaz bei der Krankekeess um Büro. Eng Aarbecht, déi si 22 Joer laang gäre gemaach hätt. Och wann et déi eng oder aner Kéier stresseg gewiescht wier.

D'Iddi, en eegene Café opzemaachen, haten d'Vicky an hir Schwëster Carole schonn ëmmer am Kapp, ma wa si zu Lëtzebuerg bliwwe wieren, wier et wuel ëmmer bei der Iddi bliwwen, wéi si selwer zougëtt. Mëtt den 90er Jore wier an der Stad vill lass gewiescht. Dat wier de Moment gewiescht, fir zu Lëtzebuerg eppes Eegenes opzemaachen, ma deen Ament hätt nach de Courage gefeelt:

"Well ech beim Staat geschafft hunn - et schwätzt een ëmmer dovunner - mä ech hunn och esou gutt verdéngt. Ech wär ni op déi Iddi komm. Ech muss soen, Mëtt 90er war vill sou dorëmmer lass. Dat wär den Zäitpunkt gewiescht. Mee ech hat iergendwéi net de Courage. Ech sëtzt sech jo gutt beim Staat."

Vicky Whipple: An den 90er huet de Courage gefeelt

Dass si um Enn an d'USA komm ass, fir hei eng Musek-Bar opzemaachen, hätt wuel warscheinlech deels mat enger Midlife Crisis ze di gehat, ma zum Deel wier si awer och vum deemolege Mann vun hirer Schwëster iwwerriet ginn:

"Wann ech zu Lëtzebuerg bliwwe wier, wier ech natierlech beim Staat bliwwen. Mee et war schonn ëmmer eng Iddi. An ech hat e Kolleeg vu mir, dee war mat menger Schwëster bestuet, eng Zäit, de Bayron. Deem säin Dram war et ëmmer, an Amerika ze wunnen. A wéi en dann eriwwer komm ass, huet hie mech dann iwwerriet, fir och ze kommen. An do hu mer zesummen de Café opgemaach. Hien ass zwar dunn, wéi mer de Café e Joer ophaten, ass hien zeréck op Lëtzebuerg gaangen. Et huet hien, mengen ech, e bëssen nervös gemaach, dass de hei keng anstänneg Krankekeess hues. A jo, hien huet mech am Fong iwwerriet. Ech hunn alles verkaf, wat ech hat zu Lëtzebuerg an alles investéiert op d'Bar an a mäi Mustang."

Vicky Whipple: Ech sinn zum Deel iwwerried ginn

Esou koum et dann, dass der Vicky Whipple hir Schwëster Carole 2008 zesumme mat hirem deemolege Mann op Fredericksburg komm ass an ugefaangen huet, do an der Gastronomie ze schaffen. D'Vicky selwer ass dunn 2012 nokomm. "Der Daiwel" hu si schliisslech op Halloween 2013 opgemaach. En Datum, dee fir eng Heavy-Metal-Bar eigentlech perfekt ass, fënnt d'Vicky.

Eng Stad, déi sech verännert huet

Zanterdeem, dass d'Vicky zu Fredericksburg ass, hätt d'Stad sech däitlech verännert. Eppes, zu dem hir Schwëster a si mat "Der Daiwel" mat bäigedroen hätten. Éier de Lëtzebuerger Café seng Dieren opgemaach huet, gouf et nämlech kaum eng Musekszeen zu Fredericksburg. Déi eenzeg Musek, déi gespillt gouf, war Country a méindes owes gouf et an enger Bar Blues-Concerten. Soss wieren an der Stad haaptsächlech eeler Leit ënnerwee gewiescht, déi däitscht Iesse wollten, an Antikitéite-Geschäfter gaange sinn, a Wäin-Degustatioune gemaach hunn.

Et huet dann och eng Zäitche gedauert, bis d'Vicky an d'Carole eng Plaz fonnt haten, fir hir Bar opzemaachen. Um Enn huet et da geklappt, well d'Patronne vun engem däitsche Restaurant, an deem d'Carole geschafft huet, de Schwëstere gehollef huet:

"Ech si säit 2012 hei, Juli 2012. An et huet eng Zäit gebraucht, bis mer eng Plaz fonnt hunn. Dat war och elo am Ufank, Fredericksburg war méi lo... si wollte keng Friemer. Mee vis a vis "Der Lindenbaum", d'Patronne vun do, si ass aus der Eifel, d'Ingrid. A si hat dës Plaz proposéiert kritt, wéi se fräi ginn ass. An do sot, d'Ingrid; 'Firwat gitt der dem Carole an dem Vicky d'Plaz net. Si sichen no enger Plaz.' An duerfir hu mer se kritt. Et war elo, et ass am Ufank, wann s de net immens vill Suen hues, e bësse problematesch gewiescht. Et wäert warscheinlech elo anescht sinn. Mee mir haten eeben elo Chance, well d'Carole schonn hei war, hatt huet ebe beim "Lindenbaum" geschafft. D'Patronne ass bal wéi eng Mamm fir eis. Dat war am Fong de Grond."

Vicky Whipple: Ech si säit 2012 hei

Um Ufank hätt d'Police d'Heavy-Metal-Bar dann och éischter skeptesch gesinn a sech gefrot, wat dat soll ginn. Ma antëscht wieren d'Beamte ganz frou mat deenen zwou Lëtzebuergerinnen. Dat, well si an hirem Café ni Kläppereien hunn an d'Police deementspriechend net musse ruffen.

Antëscht wier dann och däitlech méi lass an der Stad, ewéi nach virun zéng Joer: "An elo ass et wierklech immens vill geännert. A mir si frou, datt mer wierklech matzen dra sinn. Et ass elo wierklech de Weekend der Däiwel ass. Net nëmme bei "Der Daiwel", mee ganz Fredericksburg, wéi gesot.".

Vicky Whipple: Et ass der Däiwel lass
RTL

© Cédric Ferry / RTL

Den Texaner den Numm "Der Daiwel" erklären

Wéi d'Vicky an d'Carole Whipple hir Bar viru bal 12 Joer opgemaach hunn, waren d'Reaktiounen an der Stad gemëscht. Engersäits krute si vill Hëllef vun de Leit, déi an de Caféen a Restaurante vun der Stad schaffen. Esou verbréngen d'Mataarbechter vun enger Karaoke-Bar zum Beispill reegelméisseg hire Pausen am "Der Daiwel" oder d'Personal aus de Restaurante kënnt no Feierowend laanscht, fir eppes ze drénken. Doriwwer eraus, gëtt jiddereen, deen esou ausgesäit ewéi wann e kéint Heavy Metal lauschteren, an den "Der Daiwel" geschéckt.

Antëscht ass de Lëtzebuerger Café eng fest Gréisst am Nuetsliewe vun der Stad an huet sech deementspriechend eng Stammclientèle opgebaut. Nieft Leit aus der Stad, sinn dat och Touristen, déi eng Kéier an der Bar waren an zanterdeem ëmmer Mol nees erëmkommen, wa se nees an der Stad sinn. Eng Koppel aus enger anerer Stad hëlt sech esouguer all puer Wochen e Babysitter, fir an den "Der Daiwel" ze goen. Antëscht ass dann och ee Mol de Mount e Live-Concert am Café.

Mat engem Virurteel hate béid Schwësteren awer um Ufank ze kämpfen. Den Numm vum Café huet am reliéisen, ländlechen Texas um Ufank ugeeckt. Séier war vun der "Devil Bar" rieds, an déi vill chrëschtlech Texaner net wollte goen. An der Zäit hätte si extra en Ziedel an der Fënster hänke gehat, op deem erkläert stoung, dass et sech ëm e Lëtzebuergeschen Ausdrock handelt, deen ee benotzt, wann een iwwerrascht ass an eppes net esou richteg ka gleewen.

D'Inspiratioun fir den Numm koum iwwerdeems vum Grousspapp: "Mäi Bop huet 'Der Däiwel' fir alles benotzt. Hate mer en neie Rack: 'Der Däiwel'. Huet en eppes Neies geschmaacht fir z'iessen: 'Der Däiwel'. Ma komm mir nennen d'Bar och esou."

D'Originn vum Numm "Der Daiwel"

Antëscht wier den eenzege Probleem mam Numm, dass vill Leit en net richteg kéinten ausschwätzen. Ma antëscht géif et d'Bar esou laang ginn a si hätte scho sou vill T-Shirte verkaf, dass si den Numm elo net méi wëllen änneren.

Och d'Mentalitéit vun de Leit huet gewiesselt

Ma net nëmmen d'Stad hätt sech verännert, mä och d'Mentalitéit vun de Leit. Antëscht géif een nämlech zu Fredericksburg wierklech vill Trump-Supporter fannen. Eppes, wat d'Vicky Whipple net géif verstoen. Si an hir Schwëster wieren nämlech éischter Unhänger vum Bernie Sanders. Deelweis wier et hinnen och bal esou virkomm, wéi wann "Der Daiwel" den Haaptquartéier vum Bernie Sanders zu Fredericksburg gewiescht wier.

Et géif ee verschidde Grënn héieren, firwat d'Leit hiert Kräiz beim Donald Trump gemaach hunn. Vill wieren der Meenung gewiescht, dass mat him als President nees alles géif méi bëlleg ginn. Anerer hätten hiert Liewe laang republikanesch gewielt a wollten dat och bei de leschte Walen net änneren.

Am Allgemenge wier déi politesch Stëmmung awer méi extreem ginn. D'Vicky an hir Schwëster hätten dat och scho perséinlech matkritt: "Also dat ass extrem. Mir sinn och scho vun engem Trump-Supporter hei domm ugemaach ginn, well mir deen net esou fantastesch fanne wéi hien. Also dat ass extrem. Dat war soss net esou."

D'Leit wieren u sech super léif, ma deelweis hätt een d'Gefill, dass hir Mentalitéit nach aus enger anerer Zäit wier:

"D'Leit si hei u sech, also si super léif an ech verstinn einfach net, wéi se iwwerleeën. Heiansdo hunn ech d'Gefill, jo, wéi wa se am Kapp nach ëmmer  - weess de - Ufank. 18. Joerhonnert, wéi s de iergend anzwousch am Bësch souz an d'Gewier bei Hand has déi ganzen Zäit, well s de net weess, wie kënnt. Wéi wann immens vill déi Mentalitéit nach am Kapp hunn hei."

Vicky Whipple: Ech verstinn d'Leit net richteg

E Grond fir nees zeréck op Lëtzebuerg ze goen, ass déi aktuell politesch Lag an den USA fir d'Vicky Whipple den Ament awer net. De Café géing gutt lafen, si an hir Schwëster hätte gutt Kolleegen an den USA an och Kazen an Hënn doheem, mat deenen et net sou einfach wier, fir iwwert den Atlantik ze plënneren. Iwwerdeems hätt eng gutt befrënnte Koppel sech viru Kuerzem en Terrain baussent der Stad kaf, an der Vicky Whipple an hirer Schwëster ugebueden, sech mat hinnen do néierzeloossen, sou dass si elo och eng Plaz hätten, wou si sech an der Pensioun kënnen zur Rou setzen. Déi aner Méiglechkeet, iwwert déi si géifen nodenken, wier, nodeems si de Café verkaf hunn, an Italien ze goen. Da wiere si och nees méi no bei Lëtzebuerg.