Eng Abberzuel jonk Gecke sinn um Sonndeg am Nomëtteg mam Cortège duerch d'Stroosse vu Keel gezunn.

De Christophe Hochard war fir RTL op der Plaz.

Op engem Parcours vu ronn 3 Kilometer waren an de Stroosse vun der Südgemeng eng 700 Leit ënnerwee. Vill Gruppen aus Lëtzebuerg awer och aus dem Ausland waren dobäi. Nieft Frankräich ënner anerem och e Grupp vu Köln - Hürth.

Zegdausende vu Leit, jonk an al, Famillje mat Kanner stounge laanscht d'Stroossen an hunn dem Spektakel mat vill Begeeschterung nogekuckt. Tonne Kamellen a grad souvill Konfetti goufen ënnert d'Leit verdeelt.