Wou ass et wéi geféierlech?

© Pixabay
Baséierend op neisten Date vun der weltwäiter Sécherheetslag weist eng nei Risiko-Kaart, wouhin op der Welt Reese besonnesch geféierlech sinn.
Mat Hëllef vun enger datebaséierter Aschätzung vun der weltwäiter Sécherheetslag bréngt eng Hamburger Firma reegelméisseg eng nei Weltkaart eraus, aus där ervir geet, wou et op der Welt de Moment wéi geféierlech ass fir hinzereesen. Hir Informatioune stamen aus ronn 500 verschiddene Quellen, dorënner Noriichtenagencen a Reeswarnunge vu Ministèren.
Mat an d'Spill komme Facteure wéi Kriminalitéitstaux, Heefegkeet vun Demonstratiounen a Protester, Terroraktiounen an arméiert Konflikter. Weider Krittäre si Streiken, Transportwiesen, Gesondheetsversuergung, Infrastruktur, Areesbestëmmungen a kulturell Besonneschkeeten, zum Beispill fir Fraen oder fir LGBTQ-Persounen.
Doraus ergëtt sech eng Weltkaart, déi mat fënnef verschiddene Faarwen de jeeweilege Risiko vun engem Land duerstellt. Vun donkelgréng fir "sécher" geet et iwwer giel bis hin zu rout fir "geféierlech". Dobäi gëtt net ëmmer just e Land agefierft, mä och alt scho mol eng ganz Regioun. Potentiell geféierlech Gebidder kënnen esou besser erkannt ginn.
Donkelgréng - ganz klenge Risiko
An dëse Länner a Regioune ginn et kaum Problemer a keng gréisser Geforen.
Dozou gehéieren: Norwegen, Finnland, Japan, Schwäiz, Kanada, Grönland an Island
Hellgréng - gerénge Risiko
Ënner Ëmstänn ass hei mat liichte Problemer ze rechnen, zum Beispill Streiken, Naturgeforen, Tropekrankheeten oder Kriminalitéit.
Dozou gehéieren: Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Italien, Marokko, Oman, Vereenegt Arabesch Emirater, Australien, Neiséiland an d'USA
Giel - erhéichte Risiko
An déi Länner kann een nach ouni gréisser Precautioune reesen. Op der Plaz sinn awer Problemer méiglech, zum Beispill politesch Onrouen. Virun enger Rees sollt ee sech entspriechend informéieren.
Dozou gehéieren: Südafrika, China, Deeler vu Mëttel- a Südamerika
Orange - héije Risiko
Reesen an déi Länner si mat gréissere Contrainte a Virbereedunge verbonnen. Gewalt, Kriminalitéit oder Terror sinn hei net auszeschléissen.
Dozou gehéieren: Israel, Libanon an Deeler vun Ägypten
Rout - ganz héije Risiko
Guer net oder just mat gréissten Ustrengunge kann een an déi Länner reesen. Allgemeng gëtt dréngend vu Reesen op esou Destinatiounen ofgeroden. Politesch Lag, militäresch Konflikter a schlecht Gesondheetssystemer stelle gréisst Risiken duer.
Dozou gehéieren: Syrien, Afghanistan, Südsudan, Iran, Irak, Ukrain, Zentralafrika, Myanmar a Kolumbien
Entwécklungen
Donieft gi bei all neier Editioun fënnef Länner ervirgehuewen, an deene sech d'Situatioun verbessert oder verschlechtert huet par rapport zum Joer virdrun. Positiv Entwécklunge gouf et deemno an Argentinien, Armenien, Aserbaidschan, Kosovo a Moldawien. Méi geféierlech ass et ginn a Bolivien, Haiti, Iran, Libanon a Mexiko.
Weider Detailer iwwer des Risiko-Weltkaart liest Dir HEI.