Zu Waasserbëlleg, Réimech a Péiteng konnt een dëse Weekend nach eng leschte Kéier a säi Kostüm klammen an d'Fuessaison op en Enn bréngen.

E Samschdegowend konnten d’Miseler Fuesboke schonn op der Waasserbëlleger Nuetskavalkad bis spéit an d’Nuecht era feieren. Laanscht d’Musel war vum fréien Owend un eng lass. Et goufen natierlech lauter flott Ween ze bestaunen, ma hei war awer virun allem Partystëmmung ugesot.

E Sonndeg de Mëtten ass et dunn zu Réimech weidergaangen, dat op der eelster Kavalkad am Land. Och wann d’Wieder net ganz esou schéi war, wéi dat dëst Joer bei anere Kavalkaden de Fall war, haten d’Leit awer déi richteg Stëmmung matbruecht an hu sech gefreet, zu Réimech ze feieren.

Nieft dem Bléck op d’Musel, hat de Cortège iwwer d’Réimecher Esplanade och eng grouss Zuel u Ween ze bidden. Wéi ëmmer goufe Kamellen an och Wäi verdeelt, ma verschidde Ween hate sech awer eppes ganz Spezielles ausgeduecht. Esou huet en Éisleker Won zum Beispill och mat Muerten op d’Leit geheit.

Zäitgläich gouf dann och zu Péiteng fir eng leschte Kéier dëst Joer Fuesent gefeiert. Och hei war d’Stëmmung esou, wéi ee sech dat op Fuesent erwaart an et gouf vill gedanzt, ma awer och d’Ween an de Leit hir Kostümer konnten hei iwwerzeegen.

Ma och wann d’Saison elo op en Enn geet, wäerten d’Fuesboken héchstwarscheinlech net laang roueg sëtzebleiwen a schonn déi nächste Kavalkad plangen.