Carole Kops: "D'Lafen huet mäi Liewe gerett"
An der 5. Episod vu "Mäi Wee" gëtt d'Geschicht vun der Carole Kops erzielt. Eng Fra, déi scho vill Réckschléi am Liewe matgemaach huet.
No der Diagnos vun engem AV Block* huet d'Carole Kops onerwaart e Pacemaker gebraucht. Kuerz drop koum nach eng schwéier Noriicht: hir Liewenspartnerin Micky krut d'Diagnos Broschtkriibs.
Fir mat dësen enormen Erausfuerderungen ëmzegoen, huet d’Sportsproff d'Lafen als eenzege Wee fonnt, fir alles ze verschaffen. Trotz der Trauer ëm den Doud vun hirer Partnerin am Joer 2017 an enger Rei perséinlechen a gesondheetleche Réckschléi huet d’Athletin ni opginn.
Enn lescht Joer huet si mat 50 Joer hir Alterskategorie vun engem Ultra-Laf an der Antarktis gewonnen, no 250 Kilometer a 5 Deeg. Dës aussergewéinlech Leeschtung weist hir onermiddlech Determinatioun.
*En AV Block ass eng Stéierung, bei där d'elektresch Signaler tëscht den ieweschten an ënneschten Häerzkummeren net richteg weidergeleet ginn. Dëst kann dozou féieren, datt d’Häerz méi lues schléit an och Häerzrhythmus-Steierunge verursaacht ginn.