Fir an Thailand ze reesen, brauch een elo eng digital Kaart

© SOMCHAI POOMLARD Bangkok PostBangkok Post via AFP
Déi beléifte Rees-Destinatioun Thailand ännert vu Mee u seng Prozedure fir anzereesen.
Eng digital Kaart, fir Net-Thailänner, déi an d'Land areese wëllen, wäert vun deem Zäitpunkt un dann och obligatoresch ginn. Heibäi handelt et sech ëm déi sougenannten "Thailand Digital Arrival Card", kuerz TDAC.
Op d'mannst 3 Deeg iert een an Thailand ukënnt, muss dës TDAC online ausgefëllt ginn. Ausname ginn et just bei Passagéier déi am Transit an Thailand sinn, Persoune mat engem Grenziwwergangspass oder Reesender déi keng thailännesch Grenzkontrolle passéieren. Dëse Formulaire kann dann och fir e puer Persounen ausgefëllt ginn.
Hei ginn dann, wéi bei villen anere Registréierungssystemer, den Numm, d'Nationalitéit, de Gebuertsdatum, d'Geschlecht, d'Passnummer, d'Telefonsnummer, de Beruf oder och nach An- an Ofrees gefrot. Dozou gehéieren och Informatiounen iwwert d'Transportmëttel oder d'Adress vum Hotel, respektiv a wéi enge Länner een zwou Woche virun der Arees an Thailand war.
Dono kritt een dann eng Confirmatioun vun der TDAC iwwer Mail. Dëse Prozess ass gratis, ma et muss een e wéineg Zäit mat aberechnen fir d'Dokumenter auszefëllen. Virun allem bei der Arees an d'Land, sollen d'Waardeschlaangen esou awer méi kuerz ginn.
Thailand ass domadder awer keen Eenzelfall: Groussbritannien, Kambodscha, Malaysia, Kuba oder Südkorea hunn an der Lescht änlech elektronesch Arees-Formulairen agefouert. Iwwert eng Arees-Tax gëtt scho méi laang diskutéiert, ma se ass bis ewell net an Thailand agefouert ginn.