De fréiere brittesche Premier huet an engem texanesche Safaripark eng iwwerraschend Bekanntschaft gemaach mat engem Strauss.

Domat hat de Boris Johnson net gerechent. De fréiere brittesche Premier ass vun engem Strauss attackéiert ginn. Mat senger Fra Carrie a mat hirem gemeinsame Bouf Wilfried ass den Johnson an engem texanesche Safaripark gewiescht. Duerch déi oppe Fënster vun hirem Auto hu si engem Strauss nogekuckt, dee sech lues awer sécher op si zoubeweegt huet. De grousse Vugel war warscheinlech der Meenung, d'Johnsons hätte Fudder fir hien dobäi. Hien huet säi Kapp an de Won eragestreckt, awer näischt fonnt an de Politiker doropshi kuerz gepëtzt mat sengem Schniewel.

De Boris Johnson ass erféiert an iwwerrascht, a wëllt an d'Steierrad gräife fir fortzefueren. Säi Bouf Wilfried huet sech wärenddeem um Bäifuerersëtz eng Boss gelaacht. Gefilmt gouf alles vun der Mamm Carrie, déi hannendra souz. Si huet de kuerze Clip op Insta gepost, well et "einfach ze witzeg wier fir net ze verëffentlechen". Kengem vun den Johnsons ass bei dëser ongewéinlecher Renconter e Leed geschitt. Wéi et dem Strauss geet, ass allerdéngs net gewosst.