Op engem Fluch vun New York op Mailand war e Passagéier ausgeflippt: Aus Roserei huet de Mann d'Personal ugegraff a probéiert, an de Cockpit ze kommen.

Eigentlech war de Fliger scho véier Stonnen ënnerwee, wéi e Passagéier därmoossen ausgeflippt ass, datt de Pilot decidéiert huet, zréck op de Startfluchhafen zu New York ze fléien. Ausléiser vun der Ausernanersetzung war e Mann, deen net dat Iesse krut, wat hie wollt a mat sengem Puppelchen net an enger Noutausgangsrei sëtzen duerft.

De Fluch 198 vun American Airlines war e Méindeg géint 19 Auer vun New York a Richtung Mailand gestart. Véier Stonne méi spéit huet de Pilot de ronn 300 Passagéier u Bord matgedeelt, datt de Fliger zréck op New York géing fléien, wéi ënnert anerem CBS News mellt.

Wéi aner Passagéier CBS News matgedeelt hunn, wier de Retour ugangs mat engem technesche Problem begrënnt ginn. Dunn awer, hätte si de Sträit matkritt: "Mir hunn hannen am Fliger eng Aart Ausernanersetzung bemierkt. Si hu ronderëm gefrot, ob et Polizisten oder Membere vum Militär oder soss ee géing ginn, deen hëllefe kéint, well keng Air Marshals u Bord waren", zitéiert CBS News nach eng aner Fra.

Hir no wier de Mann op d'Stewardesse lassgaangen. Dono wier hie laanscht d'Sëtzer no vir gerannt an hätt "probéiert, de Pilote-Cockpit ze stiermen". D'Situatioun am Fliger ouni Air Marshal, mä mat "dësem verréckte Mann hannen dran", wier beängschtegend gewiescht, sou den éischte Passagéier.

Géint 3 Auer an der Nuecht wier d'Maschinn nees zu New York gelant. D'Passagéier hu missen am Fliger waarden, bis de Mann vun der Police matgeholl gouf. Si wieren zwar erliichtert gewiescht, rëm feste Buedem ënnert de Féiss ze hunn, hätte vun der Airline awer keng Ënnerstëtzung kritt. "Ech hu gefrot, d'American-Airlines-Lounge fir d'Stëllen an d'anescht Undoen notzen ze dierfen", huet eng weider Fra erzielt. "Si hu gesot, ech kéint eragoen, wann ech 79 Dollar bezuelen."

"D'Sécherheet vun eise Clienten an Teammemberen huet fir eis iewescht Prioritéit a mir soen eise Clientë Merci fir hiert Verständnes", heescht et an engem Schreiwes vun der Fluchgesellschaft. D'Passagéier hunn d'Nuecht um Fluchhafe verbruecht a sinn den Dag drop um 11 Auer erneit a Richtung Mailand-Malpensa gestart, 16 Stonnen no hirem eigentlech geplangte Fluch.

Den aggressive Mann gouf CBS News no ouni Plainte fräigelooss. D'US-Loftfaartautoritéit FAA huet erkläert, datt et 2024 zu iwwer 1.800 Tëschefäll mat Passagéier koum, déi sech net berouege gelooss hunn.