Noutruff ignoréiert - Fast Food-Bestellung geet vir

An den USA war eng Responsabel vum Noutruff 911 méi domat beschäftegt, bei enger Chaîne Fast Food ze bestellen, wéi en Noutfall entgéintzehuelen.
Op den Noutruff rifft ee just am Fall vun enger Gefor un. Do ass ëmmer een erreechbar. Dat huet sech och den Dylan Johnson am US-Bundesstaat Georgia geduecht, wéi seng Fra him ugeruff huet, dass en Onéierleche bei hinnen abrieche wéilt. Si war mat hirem Puppelchen eleng doheem. Hie war op der Aarbecht an huet direkt de 911 alarméiert. Villméi: hien huet se alarméiere wëllen, well op der Noutruffnummer huet keen dem Mann geäntwert.
Dräimol huet den Johnson et versicht. No 6 Minutte, bei der véierte Kéier, huet endlech een opgehuewen. No weideren 3 Minutten an der Leitung ass an der offizieller Opzeechnung vum Noutruff ze héieren, wéi déi zoustänneg Beamtin mat enger anerer Persoun iwwert e Burger schwätzt, éiert si den Johnson nach emol freet, firwat hien eigentlech urifft.
De Mann huet sech doropshi beim Service vum amerikanesche Noutruff 911 beschwéiert. E Responsabelen aus sengem County huet sech entretemps perséinlech beim Johnson entschëllegt. Esou eppes dierft net passéieren. Géint déi concernéiert (an offensichtlech hongreg) Beamtin lafen elo intern Ermëttlungen.
Den Abriecher hat iwwregens opginn an ass geflücht.