Kanner tëscht 9 an 12 Joer entdecken d'Filmwelt

© SNJ
A verschiddenen Ateliere konnten d'Kanner vum 7.-12. Abrëll am Mariendall déi vill Beräicher vun der Filmwelt besser kenneléieren.
An e sëllege Workshops hu se dann och zesumme Filmer gedréint. Donieft gouf e live Theater vun der Crew geplangt a gespillt. Bei all deenen Ablécker an d'Filmwelt goufe si dann och vu "Stars" aus der Filmbranche ënnerstëtzt. Um Enn vun der Kolonie goufen Elteren a Frënn dann och nach invitéiert, fir sech d'Filmer bei enger Tut Popcorn unzekucken.
Organiséiert war d'Kolonie vum Groupe Animateur, an enker Zesummenaarbecht mam SNJ. D'Animateure Sally L'amour a Bob Biber hunn dat ganzt encadréiert.

D'Animateure waren d'Sally L'amour an de Bob Biber
Am Kader vun der "Filmakademie Geflimmers" hunn déi jonk Participanten dann och en Artikel geschriwwen, deen Dir hei drënner liese kënnt.
"Mir 8 sinn hei op der Kolonie Geflimmers an mir hunn cool Stars dabäi. Fir d‘éischt de Bob. De Bob ass e Choreograph an en coolen, leiwen an kreativen Mënsch. Dann d‘Sally, seng Liblingsfuarw ass rosa an ass och ëmmer rosa ugedo. D‘Sally huet schon a villen Filmer mat gespillt. D‘Sally ass ëmmer voller Leiwt a Freed. Lo de Marko, de Marko behaapt hee kéint alles an ass räich. De Marco huet ëmmer verreckt Iddien an huet en decken Business lafen. Dann eist leiwt Mariette, hat ass ëmmer cool ugedoen a ka verreckt Geimassen maachen dei mir leider net hi kreien. An anscheinend ass d‘Mariette sou guer dem Adam Sandler säi geheimt Kand. Eise leschte Star ass d‘Alexa. D‘Alexa ass eis Stuntwoman an ass ëmmer faarweg ugedo mat enger witzeger Propellerkap. Dësweideren huet d‘Alexa ëmmer säi Koffer a seng Seefeblosen dabäi.
Dann hunn mer nach zwee Produzenten dabäi: d‘Lolanda an de LoLeich. Dei zwee sinn de witzegste Duo dei mir je gesinn hunn an hunn witzeg a verreckt Iddien. Owes dréinen si en Film fir eis mat deenen aneren Stars.
Net zevergiessen eis leiw Direkteren, Carlos an Anastasia. Ouni si zwee wier dës Filmakademie net méiglech. En decken Merci un si zwee.
Während der Woch hu mir vill flott Aktivitéiten gemaach. Ënner annerem huet een Deel vum Grupp Interviewen gedréint. Deen aneren Deel ass nach eng keier an dräi Gruppen gedeelt ginn an hunn dräi Blockbusteren selwer erfonnt. Natierlech haten mir och bessi Fräizäit tëschent eisen Aktivitéiten wou mir am Haf zesummen gespillt hunn oder zesummen am Chilleck gechillt hunn. Owes firun eiser Show haten mir Workshopen bei eisen groussen Stars. Mir konnten beim Bob danzen, beim Marko mat einfachem Material en Video dréinen, beim Mariette en eegen Pouster fir en Film designen, beim Sally mat klenge Spiller eng cool Geschicht schreiwwen an beim Alexa hu mir en ale Stull zu engem Troun recycelt deen an eiser Show dësen Owend benotzt gëtt.
Mir fannen dës Akademie super cool an hu ganz vill iwwert Filmer geléiert. Mir empfeelen Iech alleguerten dës Akademie zebesiichen.
Lenny, Maxime, Nicolas, Íris, Lara, Leana an eis zwee Stars dei eis Begleeden de Bob an d‘Sally."