D'lescht Joer gouf hei mat 200.000 Visiteuren en neie Rekord opgestallt.

D’Touristesaison an de Kasematte leeft dëst Joer roueg un. Richteg roueg war et awer op dëser Plaz wuel 963, wou de Graf Siegfried seng Buerg hei baue gelooss huet, an domat souzesoen de Grondsteen fir Lëtzebuerg geluecht huet.

"Wisou wollt de Graf Siegfried hei seng Buerg bauen? Dat huet militär-strateegesch relativ vill Virdeeler. Well hei musse mer just zwou Säite verdeedegen. De Fiels fält nämlech op den zwou Säite 40 Meter an d’Déift. Dat heescht et huet ee just mussen uewen e bëssen d’Stad verdeedegen an dann hei erof Richtung Altmënster, do konnte se Schneisen an de Fiels schloen a Brécken aus Holz bauen. Holzbrécke konnten am Fall vun enger Schluecht verbrannt ginn an dann ass den Accès vill méi schwéier", sou de Kasematten-Expert Pit Pixius.

D’Kasematte gehéieren awer zu enger anerer Ära wéi déi mëttelalterleche Buergen. Ugefaangen huet dës mam Asaz vum Schéisspolver an Europa, wou d’Buergmaueren de Kanounekugelen net méi standhale konnten.

"Lues a lues sinn aus de Buerge Forte ginn an déi sinn da verwénkelt gewiescht, fir dass d’Kanounekugelen um Wénkel ofprallen an net einfach duerchfléien. Lues a lues ass Lëtzebuerg dann zu enger Festung ginn. An déi Festung ass dann och kasematéiert ginn." 

1644 gouf mam Bau vun de Péitruss-Kasematten ugefaangen. Honnert Joer méi spéit koumen d’Bock-Kasematten dobäi. An där Zäit war d’Festungsanlag bekannt als Gibraltar vum Norden, déi net anzehuele wier. Dat nodeems de franséische Generol a Festungsbauer Vauban se ausgebaut hat.

"Déi Ëffnungen hei ware fréier net ëmmer esou grouss wéi se lo sinn, mee vill méi kleng. Just d’Kanounen hunn erausgekuckt. An natierlech ass et ganz schwéier, fir vun iergendwou anescht dann hei op de Bockfiels ze schéissen an ze zilen. Sou gutt waren déi Kanoune vun deemools net, dass déi hei eppes Spezifesches treffe konnten. Awer déi, déi hei an de Kasematte waren, déi haten natierlech fräi Schossbunn."

Nom Renforcement huet d’Festung ni méi missen aktiv verdeedegt ginn. 1867 gouf se da geschlaff. Haut sinn d’Bock-Kasematten den Touristemagnéit vun der Stad schlechthin.