Als éischte Land setzen déi Däitsch 1915 bei der Zweeter Flandernschluecht Gëftgas an. Ronn 5000 franséisch Zaldote stierwen direkt.

Haut virun... 110 Joer: Gëftgas am Éischte Weltkrich

Den amerikanesche Kongress decidéiert 1864 a sengem sougenannte Coinage Act (Mënzegesetz), dass op der zukünfteger 2-Cent-Mënz eng aner Opschrëft soll stoen. "E pluribus unum" (aus villen een) war et bis dohin. Dem neie Gesetz no kënnt vun do un "In God we trust" (op Gott vertraue mir) op déi amerikanesch Mënze stoen. Haut steet dee Motto op all hire Mënzen a Schäiner.

1889 kënnt et zum éischten Oklahoma Land Run. Et ass eng Aart Wettlaf fir angloamerikanesch Siidler, fir de leschten Territoire vun der indigeener Populatioun ënnert sech opzedeelen. D'Urawunner haten dësen Deel Land, deen zum haitege Bundesstaat Oklahoma zielt, fir d'Kolonialiséierung verkaaft.

1994 gëtt den Dagobert festgeholl. Den Däitschen Arno Funke hat 6 Joer laang mat Bommenuschléi Geld erpresst, an d'Autoritéite bei de jeeweilegen Iwwergaben un der Nues ronderëm geféiert. Säi Spëtznumm kënnt duerch eng Zeitungsannonce zustanen, déi op den Dagobert Duck uspillt, mat där signaliséiert soll ginn, dass ee prett ass fir Geld z'iwwerginn. Originaltext: „Dagobert grüßt seinen Neffen“. De Funke gëtt duerno zu 9 Joer Prisong an 2,5 Milliounen D-Mark Geldstrof verurteelt.

Haut virun 30 Joer gëtt den Axel Schulz bal Boxweltmeeschter am Schwéiergewiicht. Géint de Champion George Foreman kann den däitschen Aussesäiter sech zu Las Vegas méi wéi gutt behaapten, verléiert um Enn awer kontrovers no Punkten. Des ongerecht Néierlag mécht de Schulz iwwer Nuecht zur sympathescher Berüümtheet.

1997 gëtt déi japanesch Ambassade zu Lima vu peruaneschen Zaldote gestiermt. 126 Deeg laang hate 14 Membere vun engem revolutionäre Grupp hei honnerte Geisele festgehalen, a just no a no fräi gelooss. Vun de leschten 72 stierft bei der Befreiung eng Geisel un engem Häerzinfarkt. Déi 14 Terroriste ginn alleguer neutraliséiert.