Am 19 Sekonne laange Filmche mam Titel "Me at the zoo" ass ee vun de Grënner vun der Videoplattform am Zoo vu San Diego bei den Elefanten ze gesinn.

Haut virun...

Wat war soss nach alles lass op engem 23. Abrëll?

1661 gëtt den Charles II. zum englesche Kinnek gekréint. Fir déi Occasioun ginn d'Bijoue vun der Kroun nei ugefäerdegt. Dës waren eng Kéier verluer gaangen, an eng aner Kéier zum Deel ageschmolt ginn. Den neie Schatz vun der Kroun besteet nach zum Deel aus Material vun den ale Bijouen, kascht fir déi Zäit enorm 13.000 brittesch Pond, a gëtt zanterhier am Tower of London stockéiert a bewaacht.

Bal dräi Joer laang war dru gebaut ginn, haut viru 49 Joer geet zu Ostberlin de Palast der Republik op. Dodra regéiert d'Volkskammer vun der DDR. De moderne Bau gëtt awer och als Haus fir Kultur a Vollek genotzt. Wéinst der Belaaschtung mat Asbest gëtt dem Erich Honecker säi "Lampenladen" awer schonn 1990 zougemaach, an eng 15 Joer méi spéit ofgerappt.

1982 kréien d'USA de Krich erkläert. Wéinst engem Sträit iwwert e Kontrollpunkt op enger Strooss, déi d'Florida Keys mam Festland verbënnt, rifft de Buergermeeschter vu Key West déi onofhängeg Republik Conch aus. Dës Mikronatioun rifft de Krich aus, fir nëmmen eng Minutt méi spéit erëm ze kapituléieren a Geld ze froe fir en Neesopbau. Déi ongewéinlech Aktioun huet Erfolleg: de Kontrollpunkt gëtt erëm zougemaach.

1990 sinn d'Awunner vun der däitscher Stad Karl-Marx-Stadt an engem Referendum dofir, dass hir Stad den ale Numm Chemnitz zréckkritt, dee se an der Zäit virum Bestand vun der DDR hat. Wéinst der Knascht- an Dampentwécklung wärend der Industrialiséierung gëtt Chemnitz och "Sächsescht Manchester" genannt. Dëst Joer ass déi ostdäitsch Stad iwwregens europäesch Kulturhaaptstad.

1994 ass et den drëttleschte Spilldag an der däitscher Futtballbundesliga. Den Thomas Helmer schéisst fir Bayern München de sougenannte "Phantomgol" géint den 1.FC Nürnberg. An der Suite gëtt de Gol oferkannt an de Match widderholl. D'Bayern gewanne 5:0 a gi Champion. Nürnberg muss ofsteigen.

Wärend engem Gefaangenentransport bréngt de Marc Dutroux et fäerdeg, engem Polizist, deen de pedophille Kriminellen iwwerwaache soll, d'Waff ofzehuelen an ze flüchten. Stonne méi spéit kann den Dutroux no engem Groussasaz vun der Police erëm verhaft ginn. D'Belsch ass schockéiert. De Bannen- an de Justizminister, grad esou wéi de Chef vun der belscher Gendarmerie mussen zrécktrieden.