Halloween-Feeling ëm Ouschteren
D'Schanke laanscht Schinnen a Rheinland-Pfalz ruffe Police op de Plang

© Image Envato Symbolbild / Wavebreakmedia
Zu Saulheim am Landkrees Alzey-Worms goufe laanscht Schinnen e puer Schanken entdeckt an d'Police alarméiert.
Eng Policepatrull konnt awer séier Entwarnung ginn. Bei de presuméierte mënschlechen Iwwerreschter huet et sech ëm Reschter vun enger Halloween-Deko gehandelt.
Dat Ganzt ass e Freideg geschitt, wéi d'däitsch Police e Méindeg matgedeelt huet. Si hunn d'Skelettdeeler aus Plastik, déi laanscht d'Schinne louchen opgeraf an entsuergt.
Am meeschte gelies