"Ein bißchen Frieden", aus der Fieder vum Ralph Siegel, ass bis haut dat eenzegt däitschsproochegt Lidd, dat den ESC gewanne kann.

Haut virun...

Wat ass soss nach alles geschitt op engem 24. Abrëll?

1915 ass et zu Istanbul den Ufank vum tierkesche Vëlkermuerd un den Armenier, déi vum Osmanesche Räich responsabel gemaach gi fir de Verrot un déi tierkesch Krichsgéigner. Bannent 2 Joer ginn tëscht 300.000 an 1,5 Milliounen Armenier ëmbruecht. Fir d'Tierke sinn et krichsbedéngte Sécherheetsmoossnamen, déi si bis haut net als Genozid unerkenne wëllen.

Den amerikaneschen Erfinder Laurens Hammond krit 1934 e Patent op déi vun him entwéckelten elektromechanesch Uergel. Eigentlech war dës geduecht als gënschtegen Ersatz fir déi klassesch Päifenuergel, mä mat hirem markante Klang gëtt déi sougenannten Hammond-Uergel zum beléiften Instrument an der Ënnerhalungs- a Popmusek.

1971 ass et zu Washington déi bis dohi gréissten Demonstratioun géint de Vietnamkrich. Ronn 300.000 Leit huelen un dëse Protester deel - och Veteranen, déi e puer Deeg méi spéit ronn 700 Uerden a Medailen op d'Trape virum Kapitol geheien. 20 bis 25 Prozent vun den amerikaneschen Zaldoten hale dee Krich fir falsch.

1974 leeft owes spéit um portugisesche Radio d'Lidd E depois do adeus. Et ass de verschlësselte Message, dass d'Revolutioun vun den Oeilleten gläich ufänke wäert. Eng lénksgeriichte Beweegung vum Militär stierzt dobäi déi autoritär Diktatur vum Salazar-Regimm, deen zanter 1933 un der Muecht ass. De Militärputsch verleeft gréisstendeels onbluddeg, an d'Revolutioun huet hire Numm duerch déi rout Oeilleten, déi d'Ënnerstëtzer den opstänneschen Zaldoten an de Laf vun hire Waffe stiechen.

1980 versicht dat amerikanescht Militär, déi 53 Geiselen déi an der hirer Ambassade zu Teheran festgehale ginn, ze befreien. Operation Eagle Claw geréit awer vun Ufank un zum organisatoreschen an technesche Fiasko, 8 Zaldote kommen ëm d'Liewen. Dësen Echec kascht de President Jimmy Carter warscheinlech d'Reelektioun - d'Geisele wäerten eréischt 9 Méint méi spéit fräikommen.

Mam Space Shuttle Discovery gëtt 1990 de Weltraumteleskop Hubble an den Orbit bruecht. E kreest an enger Héicht vu ronn 517 Kilometer, kann awer ugangs net déi Biller liwweren, déi sech vun der NASA erwaart ginn. E Feeler um Haaptspigel féiert zu Opnamen, déi praktesch net ze brauche sinn. 3 Joer méi spéit ka bei enger Reparaturmissioun de Problem behuewe ginn.