D'Waasserstrooss tëscht Afrika an Asien, déi 10 Joer méi spéit opgoe wäert, ass 164km laang a verbënnt d'Mëttelmier mam Roude Mier.

Haut virun...

Wat ass soss nach alles geschitt op engem 25. Abrëll?

1860 ass et am englesche Farnborough en illegale Boxmatch, deen no méi wéi zwou Stonne Kampf a 40 Ronne ënnerbrach gëtt, wéi ee vun de Boxer säi Géigner erwierge wëllt, a Spectateuren doropshin de Boxrank stiermen. Wéineg méi spéit geet den Duell weider. No 5 Ronne gëtt ganz ofgebrach, well kee vun deenen 2 méi weidermaache kann. Se kréien um Enn allen zwee eng Gewënner-Ceinture.

RTL

© Pixabay

1945 treffe sech am Zweete Weltkrich um Rand vun der Elbe eng éischt Kéier amerikanesch a sowjetesch Zaldoten. Well op der Plaz vun der Renconter awer ze vill Läiche leie fir dat historescht Evenement schéin ze dokumentéieren, gëtt et dovu keng Fotoen an en zweet Treffen organiséiert. Déi offiziell Biller vun deem alliéierten Zesummeschloss gi souguer réischt den Dag duerno gemaach.

Dee selwechten Dag gëllt an Italien als Enn vum Faschismus. Den Diktator Benito Mussolini leeft zesumme mat senger Partnerin a puer weidere Komplize virun den Alliéierte fort. Net gekläert ass, ob de Mussolini sech an d'Schwäiz ofsetze wollt, oder eng lescht Schluecht wollt schloen. 3 Deeg méi spéit wäert de Grupp vu Partisanen opgegraff an erschoss ginn.

1983 presentéiert den däitsche Noriichtemagasinn "stern" déi sougenannten „Hitler-Tagebücher“. Auszich aus dësen historesche Schrëfte gi publizéiert, éiert se op Echtheet iwwerpréift sinn. 10 Deeg méi spéit steet fest, dass et Fälschunge sinn. De "stern" huet engem Moler dofir méi wéi 9 Milliounen DM iwwerwisen a béisst an dësem Presseskandal vill vu senger Glafwierdegkeet an.

Haut virun 20 Joer kënnt et a Japan zu engem schwéieren Zuchaccident. Well de Maschinist liicht am Retard ass an Angscht huet viru Konsequenzen, fiert hie méi séier duerch eng Kéier wéi erlaabt. Den Zuch entgleist. 107 Persoune kommen ëm d'Liewen, méi wéi 500 gi blesséiert. An der Suite ginn d'Fuerpläng am Sënn vun der Sécherheet, manner enk gemaach.

2007 gëtt zu Moskau de fréiere russesche President Boris Jelzin begruewen, deen 2 Deeg virdru gestuerwen ass. Et ass dat éischte Staatsbegriefnes no russesch-orthodoxem Ritual zanter méi wéi 100 Joer. Am Parlament gëtt dem éischte postsowjetesche President awer eng Schweige-Minutt refuséiert, well een den Zerstéierer vun der Heemecht nimools éiere géing.