Bei der Explosioun an engem ukraineschen Atomkraaftwierk gëtt radioaktiivt Material fräigesat, dat sech iwwer hallef Europa verbreet.

Haut virun...

Wat war soss nach alles lass op engem 26. Abrëll?
Den italieeneschen Dichter Francesco Petrarca klëmmt 1336 zesumme mat sengem Brudder op der Mont Ventoux. Vun der Natur a vum Ausbléck iwwerwältegt, fänkt hien u säi Liewen a seng Séil ze reflektéieren, an dat Erliefte spéider festzehalen. Doduerch gëllt de Petrarca als Papp vun de Biergsteiger, deen esou dës Form vun Tourismus erfonnt huet. Soll hunn.

Zu L'Aigle an der Normandie reent et 1803 Steng vum Himmel, obwuel kaum Wolleken ze gesi sinn. Et sinn eng 3000 Brochstécker vun engem Meteorit, mat engem Gesamtgewiicht vu bal 40 kg. An der Suite kann duerch sëllegen Experimenter an Analyse bewise ginn, dass et ausserierdesch Steng sinn. D'Académie des Sciences muss hir ufänglech Zweiwele rektifizéieren.

Wärend dem spuenesche Biergerkrich gëtt déi baskesch Stad Guernica 1937 vun däitschen an italieenesche Fligeren ugegraff an zerstéiert. Déi vermeintlech Ziler, eng Bréck a Waffefabricken, gi net getraff. Déi Däitsch üben hei fir spéider Loftugrëffer. Den Tëschefall gëtt vertuscht an inspiréiert de Kënschtler Pablo Picasso duerno zu engem vu senge bekanntste Biller.

1962 erreecht déi amerikanesch Sond Ranger 4 de Mound. Éiert si wéi geplangt do opschléit, soll si an hire leschten 10 Minutte Biller vun der Surface op d'Äerd iwwermëttelen. Wéinst technesche Problemer kënnt déi Verbindung awer net zustanen, a Ranger 4 fält op der Récksäit vum Mound erof.

A Südafrika fänke 1994 déi éischt fräi Wale nom Enn vum Apartheidregimm un. Des daueren 3 Deeg, a mat der erwaarter grousser Bedeelegung vun der faarweger Majoritéit am Vollek gewënnt dem Nelson Mandela seng ANC Partei mat gutt 62 Prozent vun de Stëmmen. An der Suite wäert hien och zum éischte schwaarze President vum Land gewielt ginn.

2002 kënnt et an engem Lycée zu Erfurt zu engem Amoklaf. Ee 19 Joer alen Ex-Schüler, dee net reegelkonform vun der Schoul geflu war, erschéisst bannent kuerzer Zäit 11 Proffen, 2 Schüler, zwou weider Persounen an e Polizist. Nodeems et engem Proff geléngt, den Attentäter an en Zëmmer anzespären, erschéisst dëse sech selwer.