10 Euro fir Zougank zu Venedeg fir een Dagestourist

Déi nei Reegel gëllt elo all Dag bis den éischten Weekend am Mee, duerno a bis Enn Juli un all Weekend vu freides bis sonndes.
An der Woch ass den Entrée dann nees fräi, wéi och de Rescht vum Joer.
Am Ganze muss well u 54 Deeg bezuelt ginn. Dat ass duebel sou vill wéi nach 2024.
Bezuelt gëtt virun der Arrivée iwwer Internet fir ee QR-Code fir op den Handy.
Wie fréizäiteg bucht, ka fir 5 Euro an d'Stad kommen. Wie sech bis 3 Deeg virun der Visitt Zäit léisst, muss awer elo dat Duebelt ausginn. Leit, déi zu Venedeg iwwernuechten, musse keng Entrée bezuelen.
Wien als Dagestourist keen Ticket huet, leeft d'Gefor vun enger Amende vun 300 Euro.
Hannergrond sinn déi vill Touristen, déi just fir eng Visitt kommen an direkt nees weiderzéien.. Si ginn zu engem Problem, deen d'Autoritéite gäre Meeschter ginn.