Sonndeg ass Ouschterdag. An den Deeg virdrun héiert een d'Klibberen an de Gesang vun de Kanner, déi vu Gréngen Donneschdeg bis Karsamschdeg ënnerwee sinn.

Klibberen an Ouschtereeër fierwen / Reportage: Chris Meisch

Och d‘Ouschtereeër däerfen natierlech net feelen. Zwee Bräich, déi bis an d‘Mëttelalter zréckginn. Am Musée Thillenvogtei zu Randschelt versicht een de Kanner, dës historesch Traditioune méi nozebréngen.

D'Kanner zéie moies, mëttes an owes duerch d'Stroossen, fir mat hire Klibberen oder Jarren unzekënnegen, datt d'Moies- oder d'Owesklack laut. Fir Ouschtere ginn d'Klibberjongen a Meedercher da belount a kréie meeschtens schonn um Karsamschdeg d'Ouschtereeër als Klibber-Loun. Esou gesäit et den traditionellen Ouschterbrauch emol vir. 
D'Jill Kaiser ass Animatrice beim Musée Thillenvogtei zu Randschelt. Zesumme mat hirer Ekipp weist si de Kanner den Alldag vun eise Virfaren an ënnert anerem eben och déi al Ouschterbräich.

"Also wärend der Ouschterzäit komme se hei hinner, dat hänkt elo dovun of wa si de ganzen Dag sinn oder den hallwen Dag. De ganzen Dag do ass dann nieft Klibbere goen an Eeër fierwen a Fréijoersbotz gëtt dann awer och nach en Ouschterhues gebak. Mam Klibbere wëlle mir de Kanner dee Brauch méi nobréngen. Villäicht se och bëssi motivéieren, dann och duerno am Duerf klibberen ze goen, fir dass dat einfach net verluer geet."

Ee brauch, dee bis an d'Mëttelalter zréckféiert. Klibberen ass eng al Traditioun a kathoulesche Géigenden: am Elsass, laanscht d'Musel a Frankräich an zu Lëtzebuerg. D'Klibberkanner, fréier d'Massendénger, ersetzen d'Klacke vun der Kierch vu Gréngen Donneschdeg bis Ouschtersonndeg, déi dann, wéi gesot gëtt, op Roum beichte ginn.

Esou wéi d‘Klibberen, gehéiert och d'Fierwe vun Ouschtereeër zu den Ouschterbräich.

"An dann och mat den Eeër fierwen, effektiv maache mir och wéi fréier, mir huele elo keng modern Faarwen. Mir fänke mol u mat den Ënneschuelen. Fréier ass dat nämlech haaptsächlech an Ënneschuelen gemaach ginn, well dat jo einfach den Offall war an och eebe fir dann déi gekachten Eeër mat de réien Eeër dann ze ënnerscheeden, well wärend der Faaschtenzäit konnt ee jo da keng Eeër iessen. Trotzdeem hunn d'Hénger jo Eeër geluecht a fir dass déi net faulen, huet ee se gekacht an da konnt ee se dann esou ënnerscheeden. Hei weise mir dann och nach de Kanner, wéi een et mat der rouder Faarf mécht, respektiv déi rout Rommel, déi mir Moies kachen an dann huele mir nach de roude Kabes fir Blo ze maachen", sou nach d'Jill Kaiser.

Fir d‘Ekipp vum Musée Thillenvogtei ass et wichteg, de Kanner al Traditiounen ze weisen. Den André Kirsch Gestionnaire vum Musée Thillenvogtei erkläert:

"Well dat eeben och zesumme mat eisem ganze Patrimoine eis kulturell Identitéit ass, also bëssi eis DNA och ee Stéck wäit an dat ass och eng Aufgab vun eis als Musée. Mir hunn eis op de Fändel geschriwwen, dass mir wierklech dat immateriellt also d‘Bräich an och wéi een eppes mécht, wéi een eppes hierstellt, dass een dat hei well promouvéieren." 

Och déi bekannte Fréijoersbotz geet op Ouschteren zeréck. Wann et deemools nom laangen däischtere Wanter nees méi hell ginn ass, war et un der Zäit, d‘Spawecken an de Stëbs ewechzemaachen, ier d‘Famill op Besuch koum.