... 100 Joer: Gebuertsstonn vun "Art déco"

© AFP
Zu Paräis geet d'Exposition internationale des Arts Décoratifs et industriels modernes op. Aus deem Titel entsteet spéider de Begrëff "Art déco".
Wat ass soss Notabeles ze melle vun engem 28. Abrëll?
1923 geet zu London déi sougenannte Kathedral vum Futtball op. De Wembley Stadium, dee fir d'British Empire Exhibition gebaut gëtt, kritt am Volleksmond de Spëtznumm Twin Towers, wéinst den 2 wäissen Tierm op der Haapttribün. No der Ausstellung sollt de Stadion eigentlech ofgerappt ginn, bleift awer bis d'Joer 2000 a Betrib. 1966 fält hei z.B. de legendäre Wembley-Gol, a 1985 ass de Live-Aid-Concert op där Plaz.
1952 trëtt de Friddensvertrag vu San Francisco a Kraaft. Domat geet déi amerikanesch Besatzung vu Japan op en Enn. 49 Länner ënnerschreiwen dat Dokument - wéinst dem Kale Krich feelen awer eng Rei wichteg Natioune wéi China, d'Sowjetunioun an Indien. De Kontrakt berifft sech a ville Punkten op d'Charta vun de Vereente Natiounen an op déi Allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter.
Op de Marshallinsele fänkt 1958 Operation Hardtack un. Bis Mëtt August testen d'Amerikaner am Pazifik 35 Atombommen. Réischt Enn de 70er Jore wäerte si de nukleare Knascht ewechbotzen, an an e Krater schëdden, deen duerch eng Explosioun entstane war. Obwuel dësen duerno zoubetonéiert gëtt, straalt et weider doduerch.
1977 geet zu Stuttgart de sougenannte Stammheim-Prozess op en Enn. D'Terroriste vun der Rote Arme Fraktion Andreas Baader, Gudrun Ensslin a Jan-Carl Raspe, déi am Hongerstreik sinn, gi wéinst 4-fachem Mord a sëllegen Uschléi zu liewenslaangem Prisong verurteelt. Knapp 6 Méint méi spéit wäerte si sech no der Befreiung vun der entféierter Lufthansa-Maschinn Landshut am Prisong d'Liewen huelen.
2001 gëtt den US-amerikanesche Millionär Dennis Tito deen éischte Weltraumtourist, wéi e vu Baikonur aus mat enger russescher Sojus-Missioun fir eng Woch op déi International Raumstatioun ISS flitt. D'Aventure soll den Tito ronn 20 Milliounen Dollar kaschten. E Geschäftsmodell, dee jo hautdesdaags nach ëmmer aktuell ass ...