De Prënz William an d'Catherine Middleton bestuede sech an der Westminster Abbey zu London. Weltwäit gëtt de Mediespektakel vu Milliarde Leit suivéiert.

Haut virun...

Wat ass soss alles passéiert op engem 29. Abrëll?

De brittesche Séifuerer an Entdecker Thomas Cook erreecht 1770 déi ëstlech Côte vun Australien an hëlt dat Land als New South Wales fir déi brittesch Kroun a Besëtz. Den Zweck vun der Rees war, déi sougenannten "Terra Australis" ze fannen. Enger deemools gängeger Theorie no ass dat Gebitt e postuléiert Géigegewiicht zu de Landmassen am Norde vun der Äerdkugel.

Elektromobilitéit ass näischt Neies. 1899 ass de belschen Ingenieur Camille Jenatzy deen éischte Mënsch, dee mat engem Landgefier méi séier wéi 100km/h fiert. Säi selwer gebaute Won mam Numm "La jamais contente" ass en Elektroauto, weit 1450kg an erreecht iwwert e Kilometer eng Héchstvitess vu 105,882km/h.

Haut viru 50 Joer fänken d'USA am Vietnamkrich hir Operation Frequent Wind un, mat där déi lescht Zaldoten aus Saigon evakuéiert ginn. Vum Daach vun der amerikanescher Ambassade fléie stonnelaang iwwerlueden Helikoptere Personal, Flüchtlingen a Weesekanner op Schëffer, déi virun der Côte waarden. En Dag méi spéit fält d'Stad un d'Nordvietnameesen.

Mat Wandspëtzte bis 260km/h trëfft 1991 en Zyklon op déi südëstlech Côte vu Bangladesch, a suergt fir Stuermwellen, déi 6m héich sinn. 138.000 Leit kommen ëm d'Liewen, méi wéi 10 Millioune Mënsche verléieren hiert Doheem. Bei der Hëllefsaktioun "Sea Angel", déi vum Militär aus Groussbritannien, USA, China, Indien, Pakistan a Japan organiséiert gëtt, ginn 3.000 Tonnen Hëllefsgidder geliwwert.

1992 gëtt op der amerikanescher Tëlee live iwwerdroen, wéi 4 Poliziste fräigesprach ginn, déi e Joer virdrun zu Los Angeles den Afroamerikaner Rodney King bei enger Kontroll brutal maltraitéiert haten. De Jury besteet aus lauter wäisse Memberen. An de 6 Deeg duerno kënnt et zu den Onroue vun L.A., bei deene méi wéi 50 Leit ëmkommen an honnerte Gebaier zerstéiert ginn.

107 Joer laang huet d'Autosmark "Oldsmobile" Gefierer gebaut, a war nach viru Ford den éischte kommerziell erfollegräiche Konstrukteur an den USA. Well d'Venten abriechen, leeft haut virun 21 Joer dee leschten Oldsmobile vum Band a fiert direkt an de Musée. De Besëtzer vun der Mark General Motors kascht déi Decisioun eng Milliard Dollar, well se vun alle ronn 2.800 Händler den Inventaire un Autoen an Ersatzstécker zréckkafe muss.