Saigon kapituléiert virun der nordvietnameesescher Arméi. Nord a Süd ginn d'Joer drop zur Sozialistescher Republik Vietnam zesummegeféiert.

Haut virun...

Wat ass soss nach alles geschitt op engem 30. Abrëll?

Éisträich-Ungarn an dat Däitscht Räich féiere 1916 als weltwäit éischt Länner d'Summerzäit an. Sou sollen déi energieintensiv Matieralschluechten am Éischte Weltkrich ënnerstëtzt ginn. Als Reaktioun dorop féiere vill aner europäesch Länner, dorënner d'Géigner Groussbritannien a Frankräich nach am selwechte Joer och eng Summerzäit an. Nom Krich gëtt déi onbeléifte Mesure virleefeg erëm ofgeschaaft.

1927 sinn d'Mary Pickford an den Douglas Fairbanks déi éischt Acteuren, déi sech zu Los Angeles virum Chinese Theatre mat hiren Hänn- a Féissofdréck am Zement veréiwegen dierfen. Bis haut hunn eng 200 Staren och déi Éier gehat. Déi berüümten Ofdréck sinn awer net ze verwiessele mat de Stäre vum Hollywood Walk of Fame, dee réischt Ufank de 60er Joren ugeluecht gëtt.

Esou e Stär huet deen Hues, dee 1938 an der Nieweroll vun engem Trickfilm seng Première feiert. Der Legend no ass sengem Zeechner Ben Hardaway säi Spëtznumm Bugs, a well den Hues laang kee Numm huet, soen d'Kolleegen, et wier dem Bugs säi Bunny. Aus Bugs' Bunny mat Apostroph gëtt spéider déi weltbekannt Looney Tunes-Figur Bugs Bunny ouni Apostroph.

1939 geet zu New York d'Weltausstellung op. Op dëser World's Fair am Flushing-Meadows-Park ginn z.B. eng Tëlee, e Fax, eng Videokonferenz, en humanoide Roboter an eng elektresch Spullmaschinn presentéiert. Lëtzebuerg gëtt mat Hëllef vu 4 Statuen duergestallt. D'Figur vum Mann mam Hummer symboliséiert de Minett. No der Expo geroden d'Statuen an de Vergiess, bis de Mann mam Hummer Ufank den 80er an engem Depot opdaucht, an zanterhier zu Diddeleng ze bewonneren ass.

No ronn 33 Joer Produktioun vu méi wéi 3 Millioune Gefierer gëtt 1991 zu Zwickau an Däitschland déi Fabrick zougemaach, an där den Trabant gebaut gëtt. Den Trabi mam Zweetaktmotor a mat der Duroplastkarosserie gëtt 1990 zwar nach emol mat der Hëllef vu VW moderniséiert, ass am Ganzen awer iwwerlieft a gëtt ouni Nofollger auslafe gelooss.

1993 gëtt d'Tennisspillerin Monica Seles zu Hamburg, wärend engem Match, vun engem psychesch gestéierte Steffi Graf-Fan mat engem Messer an de Réck gestach. Dëst Attentat féiert zu enger 27 Méint laanger Paus, d'Jugoslawin hëlt duerno déi amerikanesch Nationalitéit un, feiert och de Comeback, kann awer wéinst chronesche Blessure net méi un déi al Succèsen uknäppen.

Am Qualifying fir de Grousse Präis vu San Marino zu Imola stierft de Roland Ratzenberger bei engem Accident. Den Éisträicher ass dat éischt Doudesaffer an der Formel 1 zanter 12 Joer. A wéi mir all wëssen, och net dat lescht...